Radioen

On air

Tockcity  |  Tommy Richman - Temptations

play_arrow Live
arrow_back_ios

Liewensgeschichten

100komma7.lu / Liewensgeschichten

/ Dës Woch am Portrait: de Sören Salvatore

Dës Woch am Portrait: de Sören Salvatore

headphones

16 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dës Woch léiert Dir de Sören Salvatore kennen. Hien ass Biolog, Ornitholog, Ëmweltenthusiast an Hobby-Natur-Wildlife-Fotograf. Laang Joren huet hie bei Natur&Ëmwelt hei zu Lëtzebuerg geschafft an do seng Passioun fir d’Villercher entdeckt. Haut fuerscht hien iwwer Adleren a Papageien an Tasmanien an Australien, an enger Regioun, déi mat verschiddene Gebidder op der Lëscht vum UNESCO-Weltierwe steet.

“Et ass eng Natur hei, déi een direkt jo vum Hocker geheit. Beem, déi iwwer 80 oder 100 Meter héich sinn, dat ass eemoleg. 3.000 Joer al Beem, et ass einfach phenomenal. Och wa mir net schaffe si mir dobaussen, a mir gi schwammen, och am Wanter, d’Waasserqualitéit ass einfach immens”

An där Regioun huet hie sech elo fir dräi Joer mat senger Partnerin, eng Mieresbiologin gebierteg aus Kanada, niddergelooss. Iwwer déi nei Aventure erzielt hien a mir kommen natierlech och net laanscht den tasmaneschen Däiwel.

Episoden