D’Carine Nickels ass querschnittsgelähmt a setzt am Rollstull, bedéngt duerch en schwéieren Autosaccident am Auguust 2012. “Ech sinn Tetraplegiker. Dat heescht, ech si vun der Brëscht aus u gelähmt. Ech hunn d'Chance, par rapport zu aner Tetraplegiker, dass ech en déiwen Tetraplegiker sinn, wann een dat esou ka soen. Dat heescht, meng Äerm funktionéieren deelweis nach. Mäi rietsen Aarm ass nach relativ staark. Zwëschent d'Klammeren. De lénken Aarm ass fir näischt ze gebrauchen. Meng Hänn kréien ech net op an zou, mee déi sinn operéiert ginn, fir datt ech meeschtens kann e Bic oder eng Forschette gräifen. Et ass awer och sou plus minus alles, wat ech ka maachen. Dat heescht, ech brauch am Alldag praktesch Hëllef bei alles”. Haut ass si ganz engagéiert, z.B. als Presidentin vum Conseil vun der AVR der Association National des Victimes de la Route an als Member vum CNHP dem Conseil national des personnes handicapées, si wëll betraffene Mënschen hëllefen an sensibiliséieren zum Thema Sécherheet op der Strooss. “Ech hëllefen einfach just nëmme gären an ech ginn och gären dee Message weider, dass eng Behënnerung net onbedéngt Behënnerung heescht, kann een dat esou soen? Et ass net, well ee behënnert ass, dass een näischt méi maache kann. Egal wéi héich déi Beeinträchung, Behënnerung, ween dat och ëmmer wëll nennen, ass, et kann een awer nach ëmmer iergendeppes maachen an och wichteg Saache maachen. An da fannen ech och, dass, wa mir gären hätten, dass Inklusioun an Accessibilitéit hei am Land besser gëtt, ech ka jo net soen, ech ginn an denge Schong, ech weess net wéi et dir geet, do kanns et net soen, wéi et mir geet. Dat heescht, wann ech gären hätt, dass sech iergendeppes ännert, fir beispillsweis Rollstullfuerer, da muss ech jo och no virgoen a soen, dat an dat muss geännert ginn. Dat ass wichteg fir mech. An dofir probéieren ech och sou vill wéi méiglech an do, wou gefrot gëtt, matzemaachen”. Hiert Liewen huet 2012 sech komplett vun engem Moment zum aneren radikal verännert, awer trotzt vill Péng an deem schwéiere Schicksallsschlag ass si staark bliwwen, an kann haut anere Mënschen esou vill ginn. Hire Courage, hiert Kämpfen ass luewenswäert. “Et ass net ëmmer einfach. Et ginn Deeg, wou ech effektiv moies wakereg ginn a mer soen, wéisou sinn ech eigentlech wakereg ginn? Et ginn esou Deeg. Dat ass normal. An ech mengen, de Fait ass, ech hunn ëmmer Péng am Genéck, ech hunn ëmmer Péng an der Schëller. Ech hunn enorm vill Medikamenter, déi ech muss huelen. Dat alles spillt natierlech och um Mo, um Daarm, mat der Bloss. Also dat si lauter esou kleng Problemer, déi dann, ganzheetlech sinn, mee esou am Allgemengen eigentlech geet et mer gutt. Ech mengen, ech si frou, datt ech nach liewen. Domadder fänkt et un. Ech gesinn d'Liewen aneschters wéi virdrun, iergendswéi mat aneren Aen. Ech gi Wäert zu Saachen, wou ech virdru vläicht net onbedéngt wäert ginn hunn. Wann ech gesinn, wann ech mat Leit schwätzen iwwert den Accident, wat geschitt ass, wéi et op der Strooss ausgesäit, worober ee muss oppassen an esou weider, wann ech da mierken, dass och nëmmen déi kleng, déi klengste Klengegkeet hänke bleift, och dat ass eppes, wou mer seet, ma weider, well wann ech duerch dat, wat ech elo maachen, et fäerdeg bréngen, och nëmmen engem ze hëllefen, dass et deem net so geet, wéi et mir gaangen ass”. Sou staark wéi se ass, ass och hiren Liewensmotto: Falen, zesummerappen, opstoen (opsetzen), Kroun riichten a weider goen “Jiddwerengem geschéie Saachen am Liewen, souwuel den Accident, en Krankheet, en Trauma, dat ka villes sinn, dat kann eppes Klenges sinn, wéi eng Prüfung, déi an d'Box geet, en Examen, deen een net packt oder en Aarbechtsentretien, wou een net kritt. Dat kann awer och eng Gripp sinn, wou een dräi Wochen am Bett läit oder schlëmmer als en Accident, wou een duerno iergendeng Blessure huet, déi eben net fortgeet, egal wat geschitt. Et fält een, mee et muss ee sech erëm selwer oprappelen. Deen eenzege Mënsch, deen et fäerdeg bréngt, een en op de Buedem ze setzen, ass ee selwer. Wann ee sech selwer an de Grëff hëlt an sech seet, mäi Kapp ass héich an ech halen en héich an ech packen dat elo, da klappt dat och. Et brauch muenchmol Zäit, et ass net ëmmer einfach, mee et geet, mir sinn déi eenzeg, déi eis kënnen ënnergoe loossen. An och erëm op Riichten, genau”. "Fier d'Zukunft erhoffen ech mir eng Welt ouni Grenzen, ouni Virurteeler an wou Inclusioun genee dat ass wat et heescht, nämlech dass jiddereen déi selwecht Rechter, Méiglechkeeten an awer och Flichten huet.".
arrow_back_ios
Liewensgeschichten
Am Portrait: D’Carine Nickels
Lauschteren
play_arrow
headphones
29 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Laura Benvenuto
Hire Motto: Jidderee soll sech wuel a senger Haut spieren.
Andrée Eicher-Wolff
Hire Liewensmotto: Courage, virun ...
Am Portrait: D’Carine Nickels
Hire Liewensmotto: Falen, zesummerappen, opstoen (opsetzen), Kroun riichten a weider goen
Am Portrait: Den Alexander Rassbach
Säi Liewensmotto: "Durch das Rauhe zu den Sternen"
Am Portrait: D'Susanna Van Tonder
Hire Liewensmotto ass: "Datt ech mech all Dag op en Neits fir d’Liewen entscheeden."
Am Portrait: D'Shirley Feider
Hire Liewensmotto: "Nothing about us without us", de Slogan vun Info Handicap a vun EDF, dem European Disability Forum
Am Portrait: Den Ernest Freylinger
Säi Liewensmotto: "Dir hutt ëmmer de Choix, et hänkt vun Iech of, wat Dir dorausser maacht."
Am Portrait: De Philippe Faber
Säi Liewensmotto: "Däi Liewen ass a gëtt nëmmen esou schéin, wéi s du dech traus der et virzestellen an auszemolen"
Am Portrait: D'Jackie Winandy
Hire Liewensmotto: D’Kommunikatioun ass den A an den O!
Am Portrait: De Guy Streveler
Säi Liewensmotto: "With a Little Help from My Friends"
Am Portrait: De Sascha Lang
Säi Liewensmotto: "Ech sinn net behënnert, ech gi behënnert!"
Dës Woch am Portrait d’Lis Muller
Hire Liewensmotto: Seng Dreem ëmsetzen a positiv bleiwen. Nei Weeër entstinn doduerch, datt ee se geet!
Dës Woch am Portrait: de Sören Salvatore
Säi Liewensmotto Ëmmer eng positiv Nout fannen an een Dag nom deem anere kucken.
Dës Woch am Portrait d'Stéphanie Rosquin
Verlooss deng Confortzon an entdeck d‘Welt, dat ass hire Liewensmotto.
Dës Woch am Portrait: de Kim Meyer
Säi Liewensmotto: Nimools opginn
Dës Woch am Portrait den Dan Terrao
Säi Liewensmotto: Lief deng Authentizitéit aus, och wann déi aner fannen, dass du verréckt bass. A gëff ëmmer eppes zeréck.
Dës Woch am Portrait d’Jil Roeser
Hire Liewensmotto: Ëmmer dat Bescht doraus maachen
Dës Woch am Portrait d’Manette Ernst-Schumann
Hire Liewensmotto ass: Positiv sinn.