Liewensgeschichten
Dës Woch am Portrait den Dan Terrao
15 min
Dës Kéier léiert Dir Dan Terrao kennen, den Iechternacherjong mat Wuerzelen a Portugal, ass iwwerall doheem oder néierens. Muss ee sech iwwerhaapt festleeën an ukommen?
Haaptsaach et ass een zefridde mat sech selwer a muss kengem eppes méi beweisen.
Als Kand hat den Dan staarkt Iwwergewiicht an huet dowéinst och vill béis negativ Kommentaren astieche missen. No enger radikaler Trainingsphas gouf hien zum Extreemsportler a stellt sech bis haut gär engem Challenge.
Extreem, ëmmer méi, a sech net geschloe ginn, ass bis haut fir hie wichteg. Hien ass ëmmer gutt gelaunt, respektiv probéiert anerer zum Laachen ze bréngen.
Viru Joren huet dee jonken Eventmanager, dee berufflech scho villes probéiert huet, alles hei zu Lëtzebuerg opginn a verkaf an eng Weltrees gestart, déi hien a 19 Länner geféiert huet.
D’Gefill vun absolutter Fräiheet
Vill huet hie vun deene Reese matbruecht an och seng Frëndin ënnerwee kennegeléiert. No der Opzeechnung vun dësem Gespréich hu si zwee hir Wallisse gepaakt fir hir nächst Aventure. Si gi fir véier Méint op Bali, do wou si sech 2018 kennegeléiert hunn. Iwwer all dëst erzielt hien eis ...