De Philippe Faber ass 34 Joer al a sëtzt am Rollstull, bedéngt duerch e schwéiert Autosaccident. En aneren Auto ass frontal mat 100 km/h an den Auto vun der Famill vum Philippe vun hannen drop gerannt. De Philippe war deemools e Puppelchen, knapp 10 Méint, an huet un d’Accident keng Erënnerung. D’Erzielunge vum trageschen Accident kennt hie just vun den Elteren. Seng Bee spiert hien net, awer säin Uewerkierper, an deen ass duerch vill Sport gutt duerchtrainéiert. De Philippe spillt zanter datt en 12 Joer al ass Basket am Rollstull bei de Lux Rollers. Hie fiert och Handbike a Schi. Hien ass bestuet a Papp vun dräi Meedercher an iwwer alles dat verzielt hien eis.
Säi Liewensmotto
“Ech fannen et ass esou, wann s du dir deng Biller ëmmer schwaarz mools, dann ass dat vläicht net schéin. Mee wann s de ëmmer Faarwen erabréngs, da gesinn d‘Biller méi schéin aus. An esou ass et och mam Liewen. Wann s de do eng Faarf erabréngs, dann ass däi Liewen och schéin. Et ass ëmmer esou, wéi s de däi Liewe gesäis.”
Kritik un der Accessibilitéit fir Rollstullfuerer am Land
“Schwiereg ass et nach mat de Busser, déi op den Dierfer fueren, dat heescht d'RGTR-Linnen, do ginn et wierklech nach immens vill Problematiken, well eeben d'Busser net accessibel sinn an deementspriechend och d'Quaien net accessibel sinn.
Summervakanz: wat ass geplangt?
“Do ass et esou, datt s du leider, wann s de den Hotel wëlls reservéieren, ni esou e grousst Familljenzëmmer kriss, wou mir alleguerten zesumme kënne sinn zu fënnef. Oft gëtt da gesot, jo, eist Rollstullzëmmere sinn eenzel Zëmmeren a mir kënnen awer dann dat Zëmmer niewendru reservéieren, wou dann Är Fra an Är Kanner kënnen direkt niewendru sinn. Wou mir eis dann denken, nee, mir hätte gären eng Vakanz zesummen an net eng getrennte Vakanz, an dofir hu mir eis elo eng Rulott kaf, déi mir ëmgebaut hunn, fir datt ech gutt mam Rollstull erakommen”.
Wënsch a Perspektiven
“Ech hoffen, datt ech nach laang Joren op dëser Welt liewen däerf, nach vill reese kann an einfach nach vill schéi Momenter an Erfolleg hunn.”