De Guy Streveler ass Programmeur vu Beruff an zanter enger Rei Jore blann. Duerch eng rar Ierfkrankheet goufe seng Aen ëmmer méi schlecht, dat huet sech iwwer Jore gezunn, bis hie guer näischt méi gesinn huet. Trotz dem Handicap huet de Guy sech net ënnerkréie gelooss an ass bis zur Pensioun schaffe gaangen. Och doheem huet hie bal alles selwer gemaach. Hien ass e Knécheler, wéi e selwer seet, probéiert alles selwer doheem ze flécken, esou gutt et him méiglech ass. E schwéiert Schiaccident huet säi Liewen 1988 radikal verännert: “Beim Schifueren si mir d’Aen opgaangen, wéi schlecht ech iwwerhaapt gesinn hunn!”
Vill huet sech deemools nom Accident verännert a sengem Ëmfeld, awer hie gouf a gëtt bis haut vill ënnerstëtz vu Famill, Frënn an deemools och op der Aarbecht.
“Als Programmeur hat ech dat grousst Lous gezunn. Ech gouf berufflech awer och perséinlech ëmmer immens encadréiert.”
Tatsaach ass, datt dëst Accident am Joer 1988 seng Krankheet an eng ganz aner Dimensioun geréckelt huet, well se du mol iwwerhaapt richteg erkannt gouf: “An dräi Generatioune si mir du gewuer ginn, datt mir dräi männleche Familljememberen hate mat där selwechter Krankheet.”
Zu den Hobbye vum Guy gehéiere Musek lauschteren, an de Fitness goen a reesen: “Ech hu scho vill vun der Welt gesinn, obwuel ech blann sinn”.
E weidert Hobby ass d’Schifueren, no 20 Joer huet hie sech och erëm op d’Schi gewot: “Duerch e risegen Zoufall hunn ech eng Schischoul fonnt, déi mat Leit op d‘Pist geet, déi blann sinn.”
A wat huet et mat sengem Liewensmotto an dem Lidd "With a Little Help from My Friends", geschriwwe vum Paul McCartney an John Lennon op sech? : “Mat mat e bëssen Hëllef vun anere kann een esou vill erreechen!”