Liewensgeschichten
Dës Woch am Portrait d’Jil Roeser
16 min
D’Jil Roeser ass Juristin vu Beruff a ganz frou mat sportlechen Aktivitéiten, och wann dat fir si, wéinst hirer Stoffwiesselkrankheet Mukoviszidos net ëmmer esou einfach war. Mee si hat Elteren, déi si immens ënnerstëtzt a motivéiert hunn aktiv ze bleiwen, an esou ass si dat och bis haut.
Si huet eng immens Liewensfreed a seet: “Et soll een alles probéieren ze erreechen, wat ee wëllt, och wann ee mengt, datt een dat net hikritt”.
Ëmmer dat Bescht aus allem maachen, dat wëllt si eis all gär mat op de Wee ginn, och wann dat net ëmmer einfach ass. 2011 krut d’Jil zwou nei Longen, zanterhier lieft si praktesch ganz normal ouni Loftproblemer. De Kierper huet déi nei Longen och gutt ugeholl. Ee Mount huet si deemools op deen Uruff gewaart vun der Transplantatioun, deen am Juni 2011 hiert Liewe verännert huet, an iwwer alles dat erzielt si eis.