De Sascha Lang ass zanter datt en dräi Joer al ass blann. Hien gouf, wéi hie selwer seet, erzunn fir an enger “sehender Welt”, eens ze ginn, seng Eltere wollten hie prett maache fir d’Liewen dobaussen: “Si waren net streng, awer stramm, an dat war gutt esou”.
An där Welt, déi fir hie praktesch ëmmer däischter war, ass hie relativ gutt eens ginn oder huet dat bescht doraus gemaach.
“Meng Behënnerung als Grond ze nennen, war ni meng Optioun”.
No de Schouljoren an enger normaler Schoul a Lycée an deem éiwege Wonsch als Radiosanimateur ze schaffen, produzéiert de Sascha Lang haut Podcasten, organiséiert Eventer a schafft als Agent de communication - Unité PAN, beim Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil. Division Personnes handicapées.
“Mäi Kierper ass behënnert. Mäin Geescht a meng Séil sinn et net”, seet de Sascha Lang, deen och eng ganz dynamesch a lëschteg Oder huet. Gutt gelaunt an ëmmer e Witz parat, war hie mat sengem treie Begleeder, sengem Mupp Toskana, bei eis op Besuch.