D’Jackie Winandy ass vu Gebuert un daf. Opgewuess an der DDR, huet hire Wee si op Bremen geféiert fir hir Studien, duerno op Essen, an do huet si hire Mann kennegeléiert, mat deem si op Lëtzebuerg geplënnert ass. Si huet e groussen Drang sech matzedeelen a leet grousse Wäert op Kommunikatioun allgemeng. Hire Liewensmotto: D’Kommunikatioun ass den A an den O!: “Also fir mech ass Kommunikatioun dat Wichtegst iwwerhaapt. Dat ass onbezuelbar. Mir hunn alleguerten extreem vill Barrièren, och am Alldag eben. Am Fong hunn ech elo net d‘Gefill, datt ech behënnert sinn an deem Sënn, mee ech hunn eeben d‘Gefill, datt doduerch datt d’Kommunikatioun net klappt, datt doduerch datt d‘Gesellschaft net ‘gebäerde’ kann, ech am Fong behënnert gemaach ginn.” D’Jackie ass Mamm vun zwee Kanner, déi och gehörlos sinn. Als Elteren hu si probéiert hinne vu Klengem un all Méiglechkeeten ze ginn, esou gutt et gaangen ass, fir datt si en normaalt Liewe kenne féieren. Ganz jonk kruten d’Kanner e Cochlea-Implantat, dat ass eng elektronesch Prothees fir ze héieren. Dat klappt gutt, et ginn awer ëmmer nach Problemer wéi z. B. an der Schwämm: “Dat heescht zum Beispill beim Schlofen oder beim Dusche goen. Hëlt een deen, déi baussen Eenheet, soen ech elo mol, hëlt ee jo automatesch erof. Dat heescht, dann héiert een awer erëm näischt, dann ass een erëm komplett daf. An et kann een natierlech och net soen, datt dat Ganzt bei jidderengem en Erfolleg huet. Dat heescht, dat ass och ëmmer ganz ënnerschiddlech.” Wéi d’Jackie op Lëtzebuerg geplënnert ass huet si gesinn, datt et hei zu Lëtzebuerg ganz vill Barrièrë ginn: “An do hu mir eeben de Veräin Daflux gegrënnt, well mir eis méi wollten asetze fir d'Rechter vun de Gehörlosen hei zu Lëtzebuerg. Dat heescht, mir wollte kämpfe fir méi Dolmetscher, fir en Zentrum fir eis. An natierlech och eeben deemools fir d'Unerkennung vun der Gebäerdesprooch. Mir brauche jo Kommunikatioun. Dat ass einfach eppes, wat wichteg ass. Et gëtt ëmmer méi Saachen, déi ëmmer op Franséisch gemaach gi sinn. An Däitsch ass jo awer och eng vun eise Sproochen hei. A mir sinn op esou vill Barrièrë gestouss”. “Blindheit trennt vun Dingen, Taubheit trennt vun Menschen.” D’Jackie Winandy huet net nëmmen e grousse Bedarf u Kommunikatioun mee och u Bildung. Zesumme mat der ASBL Daflux wëllt si sech weiderhi vill engagéieren, well et ass nach vill Sputt no uewe fir Saachen ze erreechen: “Dat op alle Fall. Mee mir hunn einfach, mengen ech, och net genuch Leit dofir. Et sinn och net genuch Dolmetscher do, net genuch Leit, fir dat alles ëmzesetzen. An hei zu Lëtzebuerg, ass et jo dat ganz Multikulturellt, dat et einfach och schwéier fir eis mécht, duerch déi ganz vill verschidde Sproochen. Ech hunn och scho gären, datt een do an engem Team zesummeschafft an et mussen einfach ëmmer méi Leit matmaachen an einfach méi Bewosstsi geschafe ginn.” Am Studio war bei dësem Interview d’Gebärdendolmetscherin Lynn Bidaine derbäi, déi bei der Hörgeschädigten Beratung schafft. Am Gespréich schwätzt si d'Iwwersetzung vun der Jackie Winandy.
arrow_back_ios
Liewensgeschichten
Am Portrait: D'Jackie Winandy
Lauschteren
play_arrow
headphones
16 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
Laura Benvenuto
Hire Motto: Jidderee soll sech wuel a senger Haut spieren.
Andrée Eicher-Wolff
Hire Liewensmotto: Courage, virun ...
Am Portrait: D’Carine Nickels
Hire Liewensmotto: Falen, zesummerappen, opstoen (opsetzen), Kroun riichten a weider goen
Am Portrait: Den Alexander Rassbach
Säi Liewensmotto: "Durch das Rauhe zu den Sternen"
Am Portrait: D'Susanna Van Tonder
Hire Liewensmotto ass: "Datt ech mech all Dag op en Neits fir d’Liewen entscheeden."
Am Portrait: D'Shirley Feider
Hire Liewensmotto: "Nothing about us without us", de Slogan vun Info Handicap a vun EDF, dem European Disability Forum
Am Portrait: Den Ernest Freylinger
Säi Liewensmotto: "Dir hutt ëmmer de Choix, et hänkt vun Iech of, wat Dir dorausser maacht."
Am Portrait: De Philippe Faber
Säi Liewensmotto: "Däi Liewen ass a gëtt nëmmen esou schéin, wéi s du dech traus der et virzestellen an auszemolen"
Am Portrait: D'Jackie Winandy
Hire Liewensmotto: D’Kommunikatioun ass den A an den O!
Am Portrait: De Guy Streveler
Säi Liewensmotto: "With a Little Help from My Friends"
Am Portrait: De Sascha Lang
Säi Liewensmotto: "Ech sinn net behënnert, ech gi behënnert!"
Dës Woch am Portrait d’Lis Muller
Hire Liewensmotto: Seng Dreem ëmsetzen a positiv bleiwen. Nei Weeër entstinn doduerch, datt ee se geet!
Dës Woch am Portrait: de Sören Salvatore
Säi Liewensmotto Ëmmer eng positiv Nout fannen an een Dag nom deem anere kucken.
Dës Woch am Portrait d'Stéphanie Rosquin
Verlooss deng Confortzon an entdeck d‘Welt, dat ass hire Liewensmotto.
Dës Woch am Portrait: de Kim Meyer
Säi Liewensmotto: Nimools opginn
Dës Woch am Portrait den Dan Terrao
Säi Liewensmotto: Lief deng Authentizitéit aus, och wann déi aner fannen, dass du verréckt bass. A gëff ëmmer eppes zeréck.
Dës Woch am Portrait d’Jil Roeser
Hire Liewensmotto: Ëmmer dat Bescht doraus maachen
Dës Woch am Portrait d’Manette Ernst-Schumann
Hire Liewensmotto ass: Positiv sinn.