5 Minutte Virbereedung & 5 Minutte broden
Fir ronn 6 Schmieren
Mir brauchen:
• 240 ml vegan Mëllech (z. B. Sojamëllech)
• 32 g Maisstäerkt
• ½ Kaffisläffel Bakpolver
• 1 Kaffisläffel Kanéil
• 2 Kaffisläffelen Ahornsirop
• 1 Kaffisläffel Vanillextrakt
• 6-8 déck Schmieren
• 2-3 Zoppeläffele vegan Margarinn oder Kokosnossueleg
• Fir ze zerwéieren: Ahornsirop, Pudderzocker, frëscht Uebst
Zoubereedung:
1. An enger schmueler Schossel d’vegan Mëllech, d’Maisstäerkt, de Bakpolver, de Kanéil, den Ahornsirop an de Vanillextrakt matenee vermëschen
2. D’Schmiere fir ronn 10 Sekonnen op all Säit an där Mëschung aweechen
3. An enger Pan e bësse vegan Margarinn schmëlze loossen
4. D’Schmiere fir ronn 2 Minutten op all Säit brode (bis d’Schmiere gëlle-brong sinn)
5. Falls néideg, méi Margarinn an der Pan schmëlzen
6. Entweder esou iessen, oder mat Ahornsirop, Pudderzocker oder och frëschem Uebst zerwéieren