Dauer: 10 Minutte Virbereedung & 10 Minutte Kachen
Fir 4 Portioune brauche mir:
- 950 ml Waasser
- Ee grousst Stéck Kombu (Alg)
- 1 Zoppeläffel gedréchent Wakame Alg
- Ronn 30 g Seidentofu, a Kübe geschnidden
- 4-5 Zoppeläffele Miso Paste (wäiss, rout oder brong)
- 2 gréng Zwiwwelen
- Optional: Muerten, asiatesch Nuddelen, Champignonen (z. B. Shiitake)
Zoubereedung:
- D’Stéck Kombu an eng Schossel mat dem Waasser a fir min. 20 Minutten aweechen (oder iwwer Nuecht)
- D’Waasser an de Kombu an een Deppe schëdden a kache loossen
- Wa Waasserbullen optauchen, de Kombu eraushuelen (soss gëtt et ze batter) an d’Dëppen op der Kachmaschinn halen
- De Wakame fir ronn 5 Minutten a Waasser aweechen
- De Wakame ouni d’Waasser an eng kleng Schossel ginn
- Déi gréng Zwiwwelen a kleng Stécker schneiden an an eng kleng Schossel ginn
- An d’Dëppe mam Wakame-Waasser d’Miso Paste dobäi ginn, an net méi weider kachen
- D’Seidentofu-Küben, d’Wakame-Stécker an déi gréng Zwiwwelen dobäi ginn
- Opkache loossen, mee net kachen
- Waarm genéissen