De veganen Tipp mam Marie
Bouillon mat Pak Choi
4 min
Dauer: 20 Minutten
Mir brauchen:
- 500 g klenge Pak Choi (alternativ: grousse Pak Choi), an d’Hallschent geschnidden
- 2 Zoppeläffele gereecherte Sesamueleg
- 3 grouss Knuewelekszéiwen, a kleng Stécker geschnidden
- 10 g frëschen Ingwer, a kleng Stécker geschnidden
- Grafft Salz
- 115 g Champignonen, a Stécker geschnidden
- 1 ½ Zoppeläffel Olivenueleg
- 820 ml Bouillon (am beschte Champignonsbouillon)
- 2 Fréijoerszwiwwelen, a kleng Stécker geschnidden
Zoubereedung:
1. De Sesamueleg an engem groussen Dëppen opwiermen
2. D’Knuewelekstécker, d’Ingwerstécker an e bësse Salz dobäi ginn, gutt vermëschen a fir 1 bis 2 Minutten ubroden
3. D’Champignonen an den Olivenueleg dobäi mëschen a fir 1 Minutt weider broden
4. De Bouillon dobäi ginn a fir ronn 15 Minutte kache loossen
5. De Pak Choi Stécker dobäi ginn, mat de Wuerzelen no ënnen (fir datt d’Wuerzele gutt mëll ginn)
6. No 2 Minutten d’Pak Choi Stécker no ënnen an de Bouillon drécken an alles fir e puer Minutte weider kachen
7. Als Dekoratioun z. B. e puer Fréijoerszwiwwelstécker oder Sesamkären op d’Zopp streeën
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Madeleinen
Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
Pesto mat Muertegréngs
Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
Äppeltaart Smoothie
Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
Lasagne
E Klassiker, veganiséiert
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)
Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
Bouillon mat Pak Choi
Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
Carrot Cake Muffins
E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
Chai Latte
En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
Brioche mat Schockelasstécker
Perfekt fir d'Ouschterzäit
Hieselnoss Smoothie
E gudde Smoothie fir en Energiekick!
Miso Zopp
Eng authentesch japanesch Zopp
Kniddelen
Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta
Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait
E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
Verwuerelter
Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss
Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
Vegan Carbonara
E Pasta-Klassiker, veganiséiert
Vegane French Toast
Perfekt fir ee séisse Brunch!
Pizza
En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
Pho Zopp
Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
- 1
- 2