Dauer: 10 Minutte virbereeden & 30 Minutte kachen
Mir brauchen:
• 250-500 g Nuddelen
• 75 g Cashewnëss
• 4 grouss Knuewelekszéiwen
• 1 grouss Zwiwwel
• 2 grouss rout Paprika
• 3 Zoppeläffelen Olivenueleg
• 150-180 ml planzlech Mëllech oder Crème (z. B. Soja) oder Waasser
• 2 Zoppeläffelen Tapioka-Stäerkt oder Maisstäerkt
• 20 g Hiefflacken
• 1 Zoppeläffel Tomatepüree (oder Tomatenzooss)
• ½ Kaffisläffel roude Peffer oder Cayennepeffer
• Ronn 5 g frëschen oder gedréchente Basilikum
• 1 Kaffisläffel Salz
• ¼ Kaffisläffel schwaarze Peffer
• Optional: gedréchente Basilikum
Zoubereedung:
1. D’Cashewnëss an engem Dëppe mat Waasser fir ronn 10 Minutte kachen (alternativ: d’Cashewnëss an enger Schossel mat kachendem Waasser fir ronn 10 Minutte loossen)
2. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
3. De Knuewelek, d’Zwiwwelen an de Paprika a grouss Stécker schneiden
4. D’Geméis an ee Bakblech leeën, Olivenueleg dobäi ginn a fir ronn 30 Minutte baken
5. All dat an de roude Peffer an ee Mixer ginn a fir e puer Minutte mixe bis alles gutt vermëscht ass
6. D’Mëllech (oder Crème oder Waasser) an d’Stäerkt dobäi gi bis déi gewënschte Konsistenz do ass
7. D’Hiefflacken, den Tomatepüree an de roude Peffer dobäi mëschen
8. E bësse Basilikum dobäi mëschen
9. Mat Salz a schwaarzem Peffer ofschmaachen
10. D’Zooss bei d’Nuddelen dobäi ginn a gutt vermëschen
11. Optional: als Dekoratioun e bësse frëschen oder gedréchente Basilikum dobäi ginn