Dauer: 20 Minutten Zoubereedung & 2 Stonnen opgoe loossen & 10 Minutte baken
Fir ronn 4 Pizzae vun 20 cm
Fir de Pizzadeeg brauche mir:
• 340 g Miel (Weessmiel Typ 55 oder Pizzamiel)
• 4 Kaffisläffelen Zocker
• 1 Kaffisläffel dréchen Hief
• 1 Kaffisläffel Salz
• 250 ml waarmt Waasser
• E bëssen Ueleg (z. B. Olivenueleg)
Fir d’Tomatenzooss brauche mir:
• Ronn 500 ml Tomatepüree oder Tomatenzooss
• Ronn 4 Kaffisläffele Gewierzer (z. B. Rosmarin, Oregano, Thymian, Basilikum)
• ½ Kaffisläffel Zwiwwel Pudder
• ½ Kaffisläffel Knuewelek Pudder
• ¼ Kaffisläffel schwaarze Peffer
• 1 Kaffisläffel Zocker (optional)
• 1 Kaffisläffel Salz (optional)
Zoubereedung:
1. An enger grousser Schossel den Deeg, den Zocker, d’Hief an d’Salz ginn
2. Entweder mat engem grousse Läffel (oder am Standmixer mat dem Deegopsaz) den Deeg vermëschen
3. D’Waasser dobäi ginn an esoulaang vermëschen, bis et eng Deegbull gëtt
4. E bësse Miel op d’Aarbechtsfeld verdeelen a fir ronn 5 Minutten den Deeg mat den Hänn (oder mat dem Standmixer) knieden, bis e mëll gëtt
5. An eng Schossel e bëssen Ueleg (z. B. Olivenueleg) ginn
6. D’Deegbull an eng Schossel leeën, mat engem Kichenduch bedecken a fir op d'mannst 2 Stonnen op enger waarmer Plaz opgoe loossen (bis den Deeg zweemol méi grouss ginn ass)
7. Aus dem Deeg ronn 4 Pizza formen, jeeweils mat engem Rand
8. De Schäffchen op 250 Grad Celsius opwiermen
9. Fir d’Tomatenzooss alles an enger Pan vermëschen a fir ronn 5 Minutte kachen
10. D’Tomatenzooss op den Deeg ausbreeden
11. D’Pizzae mat Liblingstoppings beleeën (z. B. Geméis, vegane Kéis ...)
12. Fir ronn 10 Minutte bei 250 Grad Celsius am Schäffche baken