Wëlle Rock’n’Roll, all méiglech Exzesser, Masse vu Leit déi hysteresch gejaut hunn an dann net ze vergiessen déi wuel berüümtste Zong aus der Museksgeschicht, tjo spéitstens bei der Zong muss een un d’Rolling Stones denken. An alles dat wat beschriwwe gouf, passt ganz sécher op de Mick Jagger an de Keith Richards.
Mä de Fondement vun de Rolling Stones oder de Motor vun der gigantescher Rockmachinerie war awer Joerzéngte laange de Charlie Watts, dee mat sengen Drums fir den Takt gesuergt huet. De Charlie Watts souz wärend de Concerten dacks am Kostüm, stoesch a fokusséiert hannert senger Batterie an hat e liicht Grinsen am Gesiicht.
De 24 August 2021, de leschte Méindeg viru 5 Joer, ass de Charlie Watts am Alter vun 80 Joer gestuerwen, d’Musekswelt huet ëm e grousse Batteur an d’Häerz vun de Stones getrauert. De Jean Claude Majerus erënnert an sengem Retromania haut un den Charlie Watss dee bal 60 Joer laang d’Rolling Stones rhythmesch ma awer och mënschlech zesumme gehalen huet.