Si war oder ass nach eng vun de bekanntsten a sécher och am meeschte-fotograféierte Fraen op der Welt. Si war e Symbol fir Schéinheet, Glamour a Seductioun an dobäi war awer alles vill méi komplex, wéi een dat menge konnt. De leschte Méindeg gouf un der Marilyn Monroe hiren 100. Anniversaire geduecht, si koum den 1. Juni 1926 als Norma Jeane Mortenson oder anerer soen Norma Jeane Baker op d’Welt. Deen éischten Numm steet op hirem Gebuertsschäin an hir Mamm huet si spéider awer ëmmer Norma Jeane Baker genannt.
Bis haut bleift d’Marilyn Monroe eng Figur, déi faszinéiert, inspiréiert an och vill Froen am Raum stoe léisst. Wéi vill war Realitéit, wéi vill Inzenéierung? A firwat huet si bis haut näischt vun hirem Glamour verluer?
De Jean Claude Majerus hëlt mat op eng Rees duerch der Marilyn Monroe hiert aussergewéinlecht Liewen, vun den éischte Schrëtt als Modell bis zu hirem Succès an zum Weltstar, mat awer och de Säiten, déi dacks am Schiet bliwwe sinn.
Ee Joerhonnert Marilyn Monroe: si huet gewisen, wéi schmuel de Pad tëschent perfekter Selbstinzenéierung an dem reale Liewen ass. An och wann d’Marilyn Monroe just 36 Joer krut, huet si zu Hollywood d’Bild vun der Fra verännert, an d‘Marilyn bleift bis haut e Mënsch, dee faszinéiert.