Den amerikanesche Bluesgittarist a Bluessänger John Lee Hooker huet mat sengem Gittarspill a sengem hallef-geschwate Gesangsstil de Blues an de Rock vum 20. Joerhonnert nohalteg markéiert. Hien huet eng aussergewéinlech a fir seng Zäit net einfach Karriär gemaach.
Wann ee John Lee Hooker seet, dann denkt ee sécher eleng net u seng Gittar, déi een als éischt héiert, mee och u säi Fouss. Hie war bekannt dofir, datt hie mat senge schwéiere Stiwwelen den Takt op de meeschtens hëlzene Büne geschloen huet, dem Hooker säin onheemleche “Bumm Bumm Bumm”.
De John Lee Hooker, ee vun de bedeitendste Bluesmuseker, ass den 21. Juni 2001, muer sinn dat 25 Joer hier, am Alter vu 84 Joer gestuerwen.
De John Lee Hooker war eng vun de grousse Saile vum Blues an hien huet den akustesche Sound vum Mississippi-Delta mat elektrescher Energie opgelueden.