Dem Udo Lindenberg seng Karriär ass am Fong 1973 lancéiert ginn, deemools huet op emol e jonke Mann deen net gesonge mä éischter genuschelt huet, mat engem Hut um Kapp an ganz, ganz, ganz vill Coolness sech am däitsche Museksgeschäft breet gemaach. E huet Rock’n’Roll gesongen, awer op däitsch, woumadder en zolitte Courage gewisen huet, well dat kaum een déi Zäit gemaach huet. An haut iwwer 50 Joer dono wësse mer datt den Udo Lindenberg déi däitsch Musekslandschaft nohalteg markéiert a verännert huet. An den Udo Lindenberg ass net nëmmen e Museker mä e globaalt Konschtwierk an hien huet de 17 Mee, also de leschte Sonndeg säin 80 Gebuertsdag gefeiert an dat natierlech zu Hamburg, do wou hien hie gehéiert. Den Udo Lindenberg wunnt nämlech zanter den 1990er Joren a senger eegener Suite am Hamburger Luxushotel “Atlantic”. Fir den Udo Lindenberg ass dee Hotel dat perfekt Doheem, en ass onofhängeg, huet de ganzen Dag an d’ganz Nuecht Roomservice an en ass matten dran am Hamburger Nuetsliewen.
De Jean Claude Majerus mat engem Retromania iwwert den Udo Lindenberg.