Hie war ee vun de populäerste Protagoniste vum Swing an hat virun allem an den 1930er Jore grousse Succès mat senger Big Band, den amerikanesche Jazzmuseker, Klarinettist a Bandleader Benny Goodman. An et ass och net vu Muttwëll, datt de Benny Goodman King of Swing genannt gouf an nach ëmmer gëtt.
De Benny Goodman huet matgehollef de Jazz aus de Clubben direkt riicht eran an déi renomméiert Carnergie Hall ze bréngen an hien huet gehollef den Jazz ze entabuiséieren.
Als Fils vun aarme Migranten huet de Benny Goodman seng Karriär mat enger geléinter Klarinett ugefaangen. Aus him gouf spéider ee vun de weltwäit beschte Klarinettisten.
De Benny Goodman war e musikalesche Revolutionär, well hien och ee vun den éischte war, dee wäiss an afroamerikanesch Museker zesummen op eng an déi selwecht Bün bruecht huet.
De visionäre Museker ass de 13. Juni 1986, viru 40 Joer, am Alter vu 77 Joer gestuerwen, mee fir d’Musek bleift hien onstierflech.
De Jean Claude Majerus kuckt op d‘Liewe vun engem Museker voll Perfektioun a musikaleschem Courage zeréck.