Den amerikaneschen Trompettist Miles Davis zielt ouni Zweiwel zu den Jazz-Legenden, e Museker, deen duerch seng musikalesch Approche an duerch en neie Stil Akzenter am zäitgenëssesche Jazz gesat huet.
Dem Miles Davis säin Trompettespill gouf duerch säi glaskloren Toun a säi spezielle Klang, duerch den Dämpfer, weltbekannt. Hie selwer hat awer ni weider Loscht am Mëttelpunkt ze stoen, meeschtens huet hien och op der Bün mam Réck zu de Leit gespillt, wat arrogant eriwwer koum, wat awer och vläicht just nëmmen Onsécherheet war.
De Miles Davis huet just een Toun gebraucht, méi net, en Toun, dee geklongen huet, wéi wann en direkt aus der Déift vun der Nuecht géif kommen, ganz duuss, ouni Vibrato, deels ganz schaarf, deels ganz melancholesch wéi e reeneregen Dag am Hierscht.
Wann de Miles Davis Trompett ugesat huet, da war et roueg.
Hie koum de 26. Mee 1926 op d’Welt a leschten Dënschdeg gouf op ville Plazen un dem groussen Jazzmuseker säi Centenaire geduecht .
Den 28. September 1991 ass de Miles Davis e puer Wochen nodeems hien um Wëlzer Festival ee vu senge leschten Optrëtter hat, gestuerwen.