Den 19. Juli dëst Joer ass mat der Finall am Metlife Stadium zu New York tëschent Argentinien a Spuenien d’Fussballweltmeeschterschaft 2026 op en Enn gaangen, mam Gewënner Spuenien, déi nieft hirem Europameeschtertitel sech dunn och d’Weltkroun am Fussball konnten opsetzen.
De Jean Claude Majerus geet 60 Joer an der Fussballgeschicht zeréck an zwar op London an de Wembley-Stadion, bei déi legendär Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft vun 1966 tëschent England an Däitschland, eng Finall, déi England no Verlängerung 4-2 gewonnen huet, an domat déi éischt an eenzeg Kéier Fussballweltmeeschter gouf.
Virgëschter 30. Juli waren et genee 60 Joer hier, datt dëse Match war, e Match, deen ouni Zweiwel an d’Fussballgeschicht agaangen ass, dat duerch dee sougenannte Wembley Goal.