Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. No zwee Méint Summerpaus kann ech endlech nees soen: Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon! Hei sinn ech nees! Ech wollt elo scho soen "fir déi nei Staffel", mee mer lafen einfach weider am Rhytmus! Nr. 97 si mer haut!
S: Wat ass dann d'Wuert Nr. 97?
C: Päerdsbüfdeck.
S: Wierklech? Ech hat net gemengt, dass du mat DEEM Wuert aus der Summerpaus kënns!
C: Et sollt jo elo bekannt sinn, dass ech e Päerdsmënsch sinn, an e Witz, dee mech mäi Liewe laang begleet ass: "Ech hu Päerd och gären, am léifste mat enger gudder Zooss". Ass natierlech e Witz, dee mech elo net méi beréiert, do stinn ech driwwer. Awer wat mech interesséiert, ass d'Wuert 'Büfdeck' oder 'Bifdeck' – nach méi interessant an der Kombinatioun 'Päerdsbüfdeck', well mer do am Fong zwou konträr Informatiounen hunn.
S: Wéi mengs de dat?
C: Ma well Büfdeck ass e schéint Beispill fir Wierder, déi sech an der Aussprooch esou veränneren, dass een den Ursprong guer net méi erkennt. De Büfdeck ass entstanen aus Beef fir Rëndfleesch an Steak fir dat Stéck Fleesch. Dat huet sech schonn am 18. Joerhonnert am Franséischen entwéckelt als 'bifteck' an als 'bistecca' am Italieeneschen.
S: A vu wou kënnt Steak eigentlech hier?
C: Do si mer elo am Alnordeschen, also an den éischte Forme vum Skandinaveschen. An do ass d'Ursprongswuert 'Steik' an heescht einfach 'eng Tranche Fleesch'. D'Wuert Büfdeck ass also eng wonnerbar Mëschung vu villen europäesche Sproochen!
Am Lëtzebuergeschen hu mer dann nach zwou Formen 'Bifdeck' oder 'Büfdeck'. Mee den Deel 'bif' oder 'büf' ass komplett verblatzt, also ondäitlech ginn, well – fir zréck op eist Wiwi-Wuert ze kommen – "Päerdsbüfdeck" huet elo d'Bezeechnung Päerd an och "beef" dran. Et misst jo soss "Päerdsdeck" sinn. Dat ass awer net ongewéinlech, dass Wuertdeeler esou verblatzen an dat dofir nei Wierder zouléisst. Dat nennt een an der Linguistik "Desemantiséierung", Semantik ass d'Bedeitung an d'Bedeitung geet fort. Dofir kann de Wuertdeel 'büf' nieft Päerd existéieren, well 'büf' souzesoe semantesch eidel ass.
S: Hues du da schonn eng Kéier Päerdsbüfdeck giess? Also dat interesséiert mech elo ganz perséinlech, fir elo hei e bëssen ofzelenken.
C: Ech hunn nach ni Päerdsbüfdeck giess, sinn do awer kulinaresch ëmmer total oppen an du kanns och elo mat mir an de Restaurant goen an du sëtz vis-à-vis vu mir an du ëss e Päerdsbüfdeck. Hues de es schonn eng Kéier giess?
S: ____
C: Wat ech fir mech just problematesch fannen, an dat ass eppes, wat elo ganz individuell ass, ass, dass ech dat géif iergendwéi pervers fannen, also pervers an der Grondbedeitung vum Wuert, dass ech all Dag esou vill Zäit mat menge Päerd verbréngen an och wierklech un hinnen als Liewewiesen interesséiert sinn an da géif ech wëssen, wéi se schmaachen. Wéi wann s de, jo, wann s du e Kazen-oder Muppefrënd bass, dass du quasi géifs wëssen, wéi Kazen- oder Muppefleesch maacht. Ech weess, et gëtt Leit, déi gesinn dat e bësse méi distanzéiert an déi soen, jo, mee ech hunn och e Mupp, nawell géif ech Muppefleesch iessen, mee ech hunn do einfach iergendeng ënnerlech Blockad. Also kann ech dat net maachen, hunn awer kee Problem, wann anerer dat iessen. Mee ech sinn, wéi gesot, kulinaresch oppen an och linguistesch oppen.
S: Dat souwisou!
C: An dann nach e Schreiftipp um Enn. Bifdeck oder Büfdeck schreiwe mer och wierklech komplett integréiert, wéi wann dat e lëtzebuergescht Wuert wier. Also mir schreiwen dat dann B-Ü-F-D-E-C-K.
S: Firwat net mat 2 F?
C: Dat läit un der Reegel, dass kee Wuertdeel eleng virkënnt, also weeder 'büf' nach 'deck' an dann hu mer genuch Konsonanten an der Mëtt fir e kuerzen ü!
S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!