Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis -– wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut geet et ëm Kleeder?
C: Jo, ëm Kleeder an ëm Grammaire.
S: Natierlech, ech mengen, dat sinn alles Saachen, déi dech intresséieren!
C: Haha, jo. Mir schwätzen haut iwwer d'Wuert Outfit. Outfit ass e Wuert, wat jo ganz däitlech aus dem Englesche kënnt. An d'Englescht gëtt eis keng Genusinformatioune mat. Dat heescht, wa mer 'Outfit' soen, da wësse mer am Fong net, ob dat elo Maskulinum, Neutrum oder Femininum ass. An wa mer dat géifen am Englesche pronominaliséieren, dann hätte mer 'it'. I like your outfit, I like it. An do gesäit een einfach, dass et eng Neutrumreferenz ass, meeeee well am Engleschen d'Pronominaliséierung iwwert Belieftheet leeft an net iwwer e grammatesche Genus, ass eis nach net gehollef.
S: Jo, 'it' ass bei Objeten esou, well se net männlech oder weiblech sinn.
C: Genee. Just am Lëtzebuergesche brauche mer e grammatescht Geschlecht. Mer hunn 'the outfit', mee mer musse wëssen, ob et potenziell: deen, déi oder dat Outfit ass.
S: Ech mengen, 'déi' kënne mer ausschléissen.
C: Jo. Definitiv, d'Fro ass 'deen' oder 'dat'. Duerfir geet een normalerweis dann an déi aner Sprooche kucken, déi dat Wuert och schonn aus dem Englesche geléint hunn, fir ze kucken, wéi dann do eng Genuszouweisung gelaf ass.
En typescht Beispill heifir ass E-Mail. Do hu mer am Franséischen "un e-mail" an am Däitschen hu mer eine E-Mail (F). An dofir kann een am Lëtzebuergeschen och do Maskulinum oder Femininum huelen.
S: Oder Courriel!
C: Jo, d'Fransouse brauchen ëmmer eng Extrawurscht, haha. Mir kënne soen: schreif mer nach séier eng E-Mail oder schreif mer nach séier en E-Mail. Do ass et oft dovunner ofhängeg, ob ee sech éischter Richtung Däitsch orientéiert oder éischter Richtung Franséisch.
S: Kënnt dat dacks vir?
C: Dat huet een och bei verschiddenen Internationalismen, wéi Theema oder Universum. Do hu mer dann och den Universum an dat Universum. Oder bei Theema hu mer den Theema oder dat Theema. Wat sees du dann hei?
S: _______
C: Et ass ganz oft sou, dass wann Neutrum eng Optioun ass, dass dat ganz dacks en Afloss aus dem Däitschen ass. Das Thema, das Schema. An do komme mer och scho bei Outfit, well do wier et am Däitschen och: das Outfit. Am Lëtzebuergeschen hu mer, wéi am Franséischen och, heiansdo d' Tendenz fir ganz vill Maskulinum ze benotzen. Also wann d'Leit onsécher si mam Genus, do gëtt et sou eng Grondreegel fir mech. Déi ass am Lëtzebuergeschen: am Zweifel Maskulinum.
S: Also 'den' oder 'deen Outfit'.
C: Jo. An dat hu mer grad bei deene Varianten, wann ee sech net sécher ass, ob et deen oder dat ass. Awer et mengt een och bal, dass jonk Leit éischter zu deene méi däitsche grammatesche Kategorien tendéieren. Dat heescht, dass éischter jonk Leit do en Neutrum benotzen. An dat kann een tatsächlech och selwer nosichen. Also ee selwer ass jo do e gudde Startpunkt, mat senger Intuitioun, mee keen eenzege Referenzpunkt. Et ass ëmmer gutt ronderëm sech ze froen an ze beobachten. Ech mengen, och Dictionnairë ginn och heiansdo net sou séier mat, wéi de reelle Sproochgebrauch ass, well déi och net ëmmer d'Méiglechkeet hunn, fir sou vill Leit ze froen ODER well sech Saachen och nach veränneren oder Neierungen net bleiwen. Mee dofir kann een awer den Internet benotzen. An interessant ass och, wann een am LOD kuckt, do ass bis elo Outfit just Maskulinum.
Et kann een awer elo och googleen, well net all Mënsch huet natierlech Zougrëff op grouss linguistesch Korpora, also Textsammlungen. Ech muss awer mat engem Adjektiv googelen, an dat ganzt tëscht Anführungszeiche setzen, da fannen ech do och Treffer.
S: A firwat?
C: Ech sichen dann "schéint Outfit", well déi t-Endung um Adjektiv weist eis, dass et hei am Neutrum benotzt gëtt. Maskulinum hunn ech och fonnt: e schéinen Outfit (mat -en bei schéin). Also ech géif soen, hei ass, wéi bei ville Fäll, den Neutrum duerch däitschen Afloss entstanen. Ech géif et awer net per se als falsch ugesinn.
S: A vu wou kënnt dat Wuert Outfit eigentlech? Aus dem Engleschen, dat ass kloer. Mee wat et do am Fong bedeit?
C: Tatsächlech kënnt et am Fong vun engem Verb 'to outfit', an dat heescht sou vill wéi 'ausstatten', akleeden, wann een nämlech de Leit Saache mat op de Wee gëtt, fir eng Rees oder fir e Projet ëmzesetzen, da sinn déi richteg outfitted, fir dat ze maachen. D'Verb huet sech awer ni etabléiert. Also do hu mer awer éischter d' Substantiv Outfit, wat mer a ville Sproochen iwwerholl hunn. Awer d' Fransousen, déi soen natierlech net esou gären Outfit, mee déi soen Tenue. Ech mengen, d'Académie française wier lo stolz op mech!
S: Mir sinn och stolz op dech an deng Erklärunge vun haut! Dat koum och vun engem Nolauschterer, gell?
C: Déi Fro krut ech op meng Unisadress geschéckt, well déi Persoun eng grammatesch Äntwert gesicht huet, déi se dann och kritt huet. An um Enn hat ech se gefrot, ob ech dat Wuert fir Wiwi dierft benotzen an dofir hat mer haut eist Wiwi-Wuert Outfit.
S: Super! Da si mer och schonn um Enn fir haut a soen der merci, Caroline, a bis déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!