arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

spannend

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon.

S: Haut gëtt et besonnesch spannend!

C: Haha, richteg. Haut schwätze mer iwwert d'Wuert spannend.

S: Ui, spannend. A wat ass dat Spannend dordun?

C: Ech wëll am Fong soen, firwat esou Wierder op -end iergendwéi zum Lëtzebuergesche gehéieren an iergendwéi och net. An firwat dat ëmmer méi Teutonisme ginn, also Formen, déi eis besonnesch Däitsch virkommen. Fänke mer mol un. So mer mol e Saz mat spannend.

S: Dee Film ass spannend.

C: Okay, doraus kann ech och maachen: e spannende Film. Dat heescht, ech ka spannend am Fong abauen, wéi e ganz normaalt Adjektiv. Ech hätt och kënne soen, de Film ass flott. Dat ass e flotte Film. Awer den -end bei spannend, deen ass speziell.

D'Adjektiv 'spannend' kënnt am Fong vun engem Verb (bleiwe mer lo mol am Däitschen) an zwar vun 'spannen'. Am Lëtzebuergesche wier dat Verb elo 'spanen'. Du kanns zum Beispill e Lastik spanen oder e Seel. An genau sou ass am Fong d'Iddi jo och, dass wann e Film spannend ass, dass eng Tensioun do ass. Dat heescht, iergendwéi paakt et een. An och beim Däitschen "der Film ist spannend" – do ass eppes, wat eis Opmierksamkeet spaant, wat emotional spaant. An dorauser gouf elo en Participe présent gemaach, etwas, das spannt, ist spannend. Ein Film, der mitreißt, ist mitreißend. Ein lachendes und ein weinendes Auge. Dat sinn alles Particippen aus dem Däitschen, déi gutt klappen.

S: An dat hu mer am Lëtzebuergeschen awer net.

C: Am Fong net, mir kënnen net soen 'e laachend A' oder 'e kräischend A'. Ech kann déi Formen zwar souzesoen "nobauen", mee se kléngen iergendwéi schif.

S: A wéi géife mer da soen?

C: Maja, an esou Fäll mécht een einfach en Niewesaz, an deem Fall e Relativsaz. An et seet een eng Persoun, déi kräischt, oder en A, dat laacht. Awer am Däitschen hues de eeben déi Méiglechkeet, fir dee Participe présent bei bal alle Verben ze maachen. Deen huet een iwweregens och am Latäin an am Franséischen an am Engleschen.

S: Am Englesche sinn dat déi ing-Formen?

C: Jo, du häss d'Verb to move an doraus gëtt 'moving'

S: a moving story

C: Eng Geschicht, déi dech beweegt, genee. An dat geet och am Franséischen attendre > en attendant. Dat sinn ëmmer sou Tätegkeeten, déi e bëssen undaueren, oft och wärend eppes aneres geschitt.

Mee am Lëtzebuergesche sinn déi net etabléiert. Lo komme mer awer a Fäll, wou Leit och gäre wëllen déi Participe-présenten abauen.

S: A firwat? Et geet jo gutt ouni.

C: Ma well se maachen d'Sprooch immens kondenséiert domat. Also ech liesen heiansdo eppes wéi "déi säi Wierk durchzéiend Metapher". A grad do am akadeemesche Lëtzebuergeschen, wat ech jo op der Uni ganz vill hunn, mierken ech, dass ëmmer méi jonk Leit d'Tendenz hunn, fir déi Participe-passéen anzebauen, well se einfach gäre wëllen esou en Nominalstil bauen. Also Sätz kondenséieren, Wierder kondenséieren. Well, wéi mer elo grad scho gesinn hunn, wann ech ëmmer en Niewesaz abauen (deen, deen eppes mécht), dann ass meng Informatioun am Geschwaten zwar gutt an effikass eriwwerbruecht, mee am Geschriwwene wéilt ech dat gäre méi kuerz, méi kompakt maachen. Et soll gehuewe kléngen. An do mengen ech, dass vill Leit sech dann um gehuewenen Däitschen inspiréieren. An dofir denken ech, dass dat en Teutonismus ass, well déi Zort vu Schrëftlechkeet an deen Nominalstil ass eppes, wat extreem am Däitsche gefërdert gëtt. A wat een esou e bësse versicht am Lëtzebuergeschen nozebauen, eebe grad bei sou méi fachspezifeschen Texter.

Wéi fënns du sou Formen? Hues du do eng Meenung dozou?

S: _____

C: A wann een elo seet, oh, mee Lëtzebuergesch huet dat net a mir brauchen dat net,! Jo an nee. Lëtzebuergesch entwéckelt sech jo och weider a mir hunn och einfach akadeemescht Lëtzebuergescht virdrunner net wierklech gehat. An et ass ganz interessant, souguer déi Studenten a Studentinnen, déi selwer guer net esou no um Däitsche sinn, also déi éischter portugiseschstämmeg sinn an och net an Däitschland studéiert hunn, och déi tendéieren dozou, fir ganz vill esou Participe-présenten ze huelen.

An d'Struktur mam -end léisst sech an deem Fall liicht iwwerdroen.

S: Hues de vläicht nach esou Beispiller mat deene Forme mat -end?

C. Maja, du häss de jo spannend, eng spannend Geschicht. Dann hues de iwwerraschend, eng iwwerraschend Wendung. Du hues och Saache wéi opreegend, ne, eppes Opreegendes ass geschitt. Oder grondleeënd Froen, bestoend Mesüren asw. Et ass ëmmer dat selwecht Muster. Du hues e Verb opreegen an dann hues de doraus eng Aktivitéit opreegend an duerno kanns de déi abauen a Sätz. Mee am Lëtzebuergeschen hu mer haaptsächlech eng 10 end-Formen, déi scho lexikaliséiert sinn.

S: Wat heescht scho méi lexikaliséiert?

C: Ma déi schonn an dengem eegene mentale Lexikon sinn, resp. an d'Sprooch iwwergaangen. Déi si schonn etabléiert. Een einfache Krittär, fir ze soen, wat dann elo etabléiert ass, kéint ee lo soen, géi mol kucken, ob et am Dictionnaire steet. Woubäi en Dictionnaire natierlech net ëmmer alles kann erfaassen, wat d'Spriecher maachen. Well et ass och ëmmer e bëssen zoufälleg, u wat grad geschafft gëtt. Och do huet den LOD beispillsweis Wierder wéi: bestoend, grondleeënd, spannend asw.

S: Spannend!

C: Gell? An do ass et nawell interessant ze gesinn, dass déi spannend Saache mat dem Participe présent, dass déi absolut ambivalent sinn. Well wann s du mer elo sees, "firwat ass opreegend, e gudde Participe présent a kräischend net?", da muss ech einfach soen, well deen ee schonn esou lexikaliséiert ass, dass en am Fong just wéi en Adjektiv fonctionnéiert an net direkt vum Verb ofgeleet gëtt. Et sinn an deem Sënn méi selbstänneg Formen.

S: Ma, richteg spannend fir haut, Caroline, an da soe mer der Merci an bis déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow