Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hu mer haut bei Wiwi?
C: D'Wuert vun haut ass 'grunscheg'.
S: Dat kennen ech zwar net. Oder ass dat nees e Wuert, wat s de erfonnt hues, also wat vun enger KI erfonnt ginn ass?
C: O vreck, nee, elo hunn ech dee Feeler gemaach, dass ech dat mat deene KI-Fake-Wierder ugefaangen hunn. An ëmmer, wann ech elo e speziellt oder en eelert Wuert bréngen, da mengen d'Leit direkt, dass et dat net gëtt!
S: Ech mengen, d'Leit vertrauen der nach!
C: Ech hoffen, et war och just en Ausfluch a mer maache genee sou weider, wéi ëmmer, ech erzielen iech méi iwwer Lëtzebuerger Wierder. An haut hu mer "grunscheg".
S: Hues DU dat Wuert da kannt?
C: Tatsächlech hunn ech selwer am alen Dictionnaire vun 1950 gebliedert a sinn do op dat Wuert gestouss – ech hunn et selwer net kannt. A "grunscheg" ass och net am LOD.
S: Och net als al Form markéiert?
C: Nee, da schéngt dat wierklech net méi an de Quellen opzetauchen an och net méi passiv bekannt ze sinn.
S: A wat bedeit 'grunscheg'?
C: Als éischt muss ech soen, dass et wierklech sou typesch Lëtzebuergesch kléngt, an och vun de ganze Wierder, déi drunhänken, kann ee richteg gutt erkennen, wéi d'Wuertbildung am Lëtzebuergesche fonctionéiert. Mee ganz vu vir: d'Verb 'grunschen' ka vill Bedeitungen hunn, do steet am alen Dictionnaire: grunschen intr. Verb.: 1) «greinen»; 2) «grunzen» (bes. von den Schweinen — auch vom Knirschen des Schnees); 3) übertragen: «dumpf schmerzen».
S: A wat genee ass am Däitschen 'greinen'?
C: Do gesäis de, dass se an engem eeleren Dictionnaire och op eeler Wierder aus dem Däitschen zréckgräifen. Dat däitscht 'greinen' heescht: jammern, weinen, klagen. Also wann ee vill Mimimi mécht.
S: A, ok. Do grunscht een dann.
C: Jo a besonnesch cool sinn déi Wierder, déi dann do drunhänken: do hu mer eng Grunsch fir «weinerliches Gesicht, weinerliches Getue». Do steet dann de Beispillsaz: Wat huet en haut erëm eng Grunsch opgesat. An och e bëssen typesch fir d'Weltbild aus den 1950er Joren, 'eng Grunsch' kann och einfach eng Persoun sinn, déi besonnesch vill jéimert an dat ass an deem Kontext e Kand oder eng Fra, déi dann nervt, wa se grunscht.
An dann eeben bei d'Adjektiv vun haut: grunscheg. Dat gëtt et och mat engem mëlle Konsonsant an der Mëtt 'grunjheg', dat ass awer als regional Variant markéiert. Grunscheg bedeit also 'mürrisch, weinerlich'. Ech hat elo selwer no enger passender lëtzebuergescher Iwwersetzung gesicht, mee ech hat keng fonnt, well keent huet sou op dat "weinerlich" gepasst, et gëtt motzeg, däreg, granzeg – mee déi ginn all op sou eng schlecht Laun, mee hei geet et jo och ëm jéimeren an emotional sinn. Vläit 'jéimereg'?
S: Jo, villäicht.
C: Se schreiwen, 'eng Grunsch' ass fir eng Fra oder e Kand, mee mer fannen och 'de Grunschert' fir de Mann souwéi d'Gegrunschs an d'Grunscherei. Ech kéint mat där Kollektioun un Ofleedungen e ganze Linguistikcours maachen, well een hei perfekt demonstréiere kann, wéi aus engem Wuertstamm {grunsch} lauter Formen ofgeleet ginn!
S: Dat kann ech mer virstellen!
C: Wierklech verréckt, dass mir dat Wuert virdrunner nach ni begéint ass. Ech kann dat hei jo och als Opruff notzen: Wie benotzt dat Wuert nach aktiv oder kennt Leit, déi eent aus där Wuertfamill benotzen: grunschen, grunscheg, Grunschert?
S: A jo, effektiv kënnen d'Leit eis och Commentairë schécken.
C: Jo, also op eis Adress wiwi@100komma7.lu kënnt Der net just Virschléi eraginn, iwwer déi mer eis ëmmer freeën, mee och Commentairen. Wéi beispillsweis iwwer de 'grunscheg'. Heinansdo soen d'Leit mer dann nach, dass se Monnien oder Tattaen aus enger bestëmmter Regioun am Land hunn, déi nach esou soen. Dat fannen ech dann ëmmer besonnesch flott.
S: Da si mer gespaant, wien eis do schreift! An elo soe mer merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier mat neie Wiwi-Wierder!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!