Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?
C: Ech si virun e puer Wochen an d'Gespréich komm mat enger Persoun iwwer eng Bezeechnung a vläit froen ech dech emol, oder eis Nolauschterer an Nolauschterinnen: Wéi nenns du eng Fra, déi an der Landwirtschaft schafft?
S: _____
C: Ech sinn op dëst Wuert gestouss am Kader vum internationale Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft 2026. Et geet do ëm Fraen, déi Betriber leeden oder hëllefen a gläichzäiteg nach Famill an/oder aner Rollen iwwerhuelen. An do ass dann d'Fro opkomm: Wéi solle mer se nennen? Wéi nennt een e weibleche Bauer am beschten? Well: Eng Bauerefra ass numol a sech ondäitlech oder op d'mannst ambigu.
S: Wéi mengs de dat?
C: Komm mer kucke mol de männleche Fall: Am Duerf wunnt e Bauer, de Bauer huet 150 Kéi, iwwerhaapt kee Problem. Wa mer awer elo iwwerleeën, wéi eng Fra heescht, déi dëse Beruff ausüübt, da gëtt et e bësse méi komplizéiert. Elo kann een natierlech soen, a jo, mee et gëtt de Begrëff Bauerefra. Mee bei der Bauerefra schwéngt awer och ëmmer e bëssen eng Liesaart mat, déi mer matrimonial nennen. Dat heescht, déi huet och eppes mat Mariage ze dinn an net just mam Beruff. Och d'Fra vum Bauer ass dann eng Bauerefra, och wa se vläit en anere Beruff huet oder d'Famill managt. Insgesamt huet een och d'Tatsach, dass op engem Haff esou vill Aarbecht ufält, dass déi ganz Famill mathëlleft, also de Mann an d'Fra an d'Kanner a vläicht och nach méi Generatiounen. Mee: An enger moderner Welt hu mer awer net just Männer, déi Bauer kënne sinn, also vläicht och ouni Partnerin, mee mir kënnen och Fraen hunn, déi Bauer kënne sinn, eeben och ouni Partner. A bei der Bauerefra ass et eebe schwiereg, well et huet een iergendwéi am Kapp, dass do dann och ëmmer e Bauer dozougehéiert.
S: Ass dat an anere Sprooche méi einfach?
C: Am Däitschen hätte mer do e Wuert wéi Bäuerin oder Landwirtin, am Engleschen häss de dat souwisou net markéiert, well do huet ee "farmer", dat kann he oder she sinn.
S: Oder female farmer.
C: Jo. Awer bei der Bauerefra ass dat e bësse méi komplizéiert. An ech si mer ganz sécher, wann een elo eeler Leit freet, wéi heescht eng Fra, déi Bauer ass, da soe se Bauerefra. A wann ech dann awer Leit froen, déi och schonn e bësse méi al sinn, dann hunn ech gesot, jo, mee stell der eng Welt vir, wou dat keng Koppel ass, mee wou et einfach eng Fra ass, déi aleng esou e Bauerenhaff féiert. An dann hunn ech gefrot, wéi een dat géif ausdrécken an do krut ech als Äntwert: Si ass Bauer.
S: Also de männleche Begrëff.
C: Hei si mer lo bei engem geneeresche Maskulinum, dass ee quasi seet, jo, mee de Beruff u sech, deen ass numol d'Grondform an d'Grondform ass dann déi maskulin. Mee ech hunn d'Gefill, do ass awer iergendeng Nuance, déi feelt. A fir ze kucken, wéi dat dann an den alen Dictionnairë steet, sinn ech an de WLM kucke gaangen. Dat ass en Dictionnaire vun 1906. An do ass d'Bauerefra iwwerhaapt net dran.
S: Wierklech net?
C: Do ass generell iwwerhaapt keng weiblech Form vum Bauer dran. Allerdéngs, wat ech do fannen, ass de Bauerejong an d'Baueremeedchen. An do steet awer just Landbursche als Iwwersetzung oder Landmädchen. Dat kënnen dann natierlech och einfach déi sinn, déi um Land wunnen, déi vläicht elo net direkt aus enger Bauerefamill kommen. Do ass och d'Wuert Baueremoud ze fannen (Bauernmode), an do steet am iwwer honnert Joer alen Dictionnaire, "im Gegensatz zum guten Geschmack der Städter". Do hu mer dann einfach de Kontrast zu Bauereleit, déi sech manner gutt kleede wéi déi, déi an der Stad wunnen. Do ass iwwregens dee wonnerbare Sproch bei der Baueremoud (ech erënneren drun 1906): Blo a Rout ass Baueremoud. Dat heescht, wann ee Blo mat Rout kombinéiert, dat maache just d'Baueren esou.
S: … a Barcelona.
C: Jo, och am Futtball! An och am alen Dictionnaire, am LWB, am Luxemburger Wörterbuch. Do si mer elo bei 1950 bis 1975 am Zäitraum. Do steet d'Bauerefra an d'Bauerefrächen einfach als 'Bäuerin'. D'Fro ass awer, ob et zu där Zäit och Frae gouf, déi ouni Mann als 'Bauer' geschafft hunn. Mee och haut steet just d'Bauerefra am LOD, mat den Iwwersetzungen DE Bäuerin oder FR paysanne, agricultrice an och den Hiweis "männlech Form = Bauer". Also do ginn se am Fong och equivalent gesat zu, wann de Mann de Beruff huet, ass et e Bauer, a wann d'Fra de Beruff huet, ass et d'Bauerefra. Awer, wéi gesot, et gëtt do esou eng Nuance, dass hei net ganz kloer ass, ob et elo just seng Fra ass oder ob dat och hir Beruffsbezeechnung ass. Elo kann een natierlech ëmmer soen, dat ass wäit hiergeholl, mee dat ass eng Ambiguitéit bei der weiblecher Variant, déi bei der männlecher Variant net besteet. Beim männleche Bauer gëtt sech déi Fro net gestallt. Dee steet just fir de Beruff an d'Eenzelpersoun, och als Jonggesell.
S: Jo, dat ass wouer. Benotzen da vill Leit "Bauerefra"?
C: Et gëtt vill Leit – och Bauerefraen, mat deenen ech geschwat hunn, déi sech guer net dodrunner stéieren. Generell begéinen ech d'Bezeechnung Bauerefra op verschiddene Plazen. Also dat kann eemol en Opruff sinn, fir esou en Haff opzemaache fir Schoulkanner, dass dann do steet "Dir sidd eng Bauerefra oder e Bauer an Dir wëllt d'Schoulkanner Äre Beruff an d'Landwirtschaft méi nobréngen?" Oder et steet hei am Lifelong Learning Katalog fir Beruff an Handwierk, dass een eng Carrièresentwécklung ka maache fir eng Weiderbildung "Bauer a Bauerefra" (direkt an der Béidnennung). Also et ass op alle Fall en etabléierte Begrëff, mee ech wëll just nach eng Kéier drop hiweisen, dass een eeben déi matrimonial Liesaarten och huet.
S: Gëtt et do och en anert Beispill?
C: Ma fréier has de bei der Doktesch eng matrimonial Liesaart, dass d'Doktesch eeben d'Fra vum Dokter ass, einfach duerch de Mariage, si hat deemools näischt mam Beruff ze dinn an deem Sënn. Haut gëtt dat awer kaum nach benotzt, well eeben och vill Frae Medezin studéieren (ech muss elo soen: studéieren dierfen) an elo Doktesch sinn, vum Beruff hier an net well se mat engem bestuet sinn!
S: A jo. Mee Bauerefra, ass dat dann elo als Begrëff ok?
C: Fir déi meescht Leit ganz sécher. Mee et huet eeben ëmmer déi Onkloerheet vun "d'Fra vum Bauer" oder eebe méi allgemeng "eng Fra, déi Bauer ass" an déi ass net ëmmer däitlech ze trennen. Mee et ass, wéi bei villen anere Saachen, emol derwäert, driwwer nozedenken. Et geet och ni ëm eng Sproochpolice oder d'Ofschafe vu Bezeechnungen. Et ass einfach interessant ze gesinn, wéi gesellschaftlech Entwécklunge sproochlech ofgebilt ginn a wéi dat an der Sproochgemeinschaft verhandelt gëtt. Well d'Sprooch ass jo fir de Mënsch do an dat ass dat Schéint dodrun!
S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!