Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt?
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat ass eist Wiwi-Wuert vun haut?
C: Ech hunn eppes Passendes erausgesicht fir den Nationalfeierdag! Wat mengs du, Simon, wourop ass de Stacklëtzebuerger besonnesch stolz, oder eeben houfreg?
S: ____
C: An natierlech d'Sprooch! Mäi Wuert vun haut ass awer net Sprooch, mee: Dialekt … an déi grouss Uspanung beim Wuert Dialekt, wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet.
S: Ass Dialekt da falsch?
C: Et spillt eng Roll an ech wëll haut awer e bëssi Kloerheet an dëse Begrëff bréngen, grad wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet. Et geet mer och ëm de Kontext, an deem eng Sprooch benotzt gëtt an do ass et net schlecht, vläit eng Kéier e puer Elementer méi no ze kucken. Mir ass et am Ausland dann och schonn esou gaangen, dass ech hu missen erklären, ob a firwat Lëtzebuergesch dann elo eng Sprooch ass resp. wat et vun engem däitschen Dialekt ënnerscheet. A vläit kruten eis Nolauschterer an Nolauschterinnen déi Fro och scho gestallt (oder hu se sech selwer gestallt), sou datt een elo e puer Eckpunkte kritt fir dës Diskussioun. Dat soll och guer net ideologesch oder politiséiert sinn, mee einfach faktebaséiert aus linguistescher Perspektiv.
S: Dat kléngt spannend! Do bass du jo déi richteg Fachfra dofir!
C: Absolut! Fir d'Definitioun: En Dialekt ass eng regional Sproochform, déi haaptsächlech mëndlech benotzt gëtt an an deene meeschte Fäll als Mammesprooch geléiert gëtt an net an der Schoul oder an engem aneren norméierte Kontext. Am Däitschen nennt een déi sproochlech Form och 'Mundart', se steet am Kontrast zur Standardsprooch, déi souzesoen en Daach bilt, ënner deem vill Mundaarten oder eeben Dialekter ze fanne sinn. A wa mer lo op d'Geschicht vum Lëtzebuergesche kucken, dann ass et esou, dass d'Lëtzebuergescht – vu sengem Ursprong gesinn – e muselfränkeschen Dialekt ass, als Deel vum Westmëtteldäitschen, wann een dat elo geografesch a strukturell wëll agrenzen.
S: Also awer Dialekt?
C: Genealogesch jo, also vun der Sproochfamill. Mee et gëtt e risegroussen Ënnerscheed zu all deenen aneren däitschen Dialekter, déi mer kennen, an zwar dass mer den "däitschen Daach" net méi hunn, et kee Kontinuum méi gëtt zum Däitschen.
S: Wat mengs de mat "Kontinuum"?
C: Kuck, am Bewosstsinn vun de Leit si Lëtzebuergesch an Däitsch zwou getrennt Sproochen. An dat ass ganz anescht, wann s du elo een hues, deen Tréierer Platt schwätzt, soe mer mol, dat wier dann och eeben deem säi muselfränkeschen Dialekt, dee kann awer graduell méi no um Dialekt schwätzen oder méi no um Standarddäitschen. E ka méi oder manner kompetent a sengem Dialekt sinn a beweegt sech graduell op engem Kontinuum tëscht Basisdialekt an dem Standarddäitschen (och wann d'Extreemer selte sinn). An dat kann ee mam Lëtzebuergeschen net. Ech hunn do mer ganz gären eng Tournure vum Peter Gilles, deen ëmmer seet, d'Lëtzebuergescht ass e muselfränkeschen Dialekt, dee sech emanzipéiert huet, well en eeben net méi ënnert dem Mantel vum Däitschen ass, mee well et sech als Sprooch verselbstännegt huet. Et ass en eegene System ginn, ech schwätzen dann entweeder Lëtzebuergesch oder Däitsch, net graduell.
S: Also awer eng Sprooch?
C: Kuerz Äntwert: Jo. An dat kanns de dann natierlech och politesch kucken, mat dem Sproochegesetz vu 1984. Mee ech verstinn awer Leit, déi soen, jo mee dat ass just e Stéck Pabeier. Awer och insgesamt vun der Kultur hier ass et méi eng Sprooch: Et huet eng eegen Orthografie, et huet eng eege Literatur, vill Prestige, ass vu villen d'Mammesprooch. D'Lëtzebuergescht ass och net situativ ageschränkt. Dat heescht, du kanns et iwwerall schwätzen. An Däitschland, par contre, häss de awer vill Plazen, wou et net ubruecht wier, Dialekt ze schwätzen, wou s de dann éischter géifs Standarddäitsch schwätzen. An dofir gëtt et méi Unzeechen, fir d'Lëtzebuergescht als Sprooch ze gesinn, onofhängeg vun deem Text vun 1984, wat de politesche Status festleet.
Mee et ass eeben eng jonk Sprooch a mir maache leider oft de Verglach mat eise 'groussen' Noperen wéi dem Däitschen an dem Franséischen – do ass et natierlech eng aner Geschicht, se hunn do Millioune vu Spriecher a Spriecherinnen an eng laang Kulturtraditioun vum Schreiwen a vum Schwätzen.
S: Mir sinn also eng Sprooch an de Kannerschong.
C: Jo, dat kann een am Verglach esou soen. Eng jonk europäesch Sprooch. Et hëlleft natierlech, dass mer och e Land sinn an d'Sprooch am Land selwer gutt ugesinn ass. Kuck, du géifs jo lo ënner Lëtzebuerger ëmmer Lëtzebuergesch schwätzen an et och denge Kanner bäibréngen. Dat stäerkt. En aneren Indice, dass et eng Sprooch mat vill Prestige ass, ass, dass ëmmer méi Leit et als Zweet- oder Friemsprooch léieren.
S: Jo, dat mierken ech och an de Schoulen a bei deene Jonken.
C: Awer wann s de natierlech sees, wou mer sproochlech hierkommen a wéi mer als Sproochstruktur eeben opgestallt sinn, da si mer natierlech net esou wäit vun enger muselfränkescher Varietéit ewech, wéi ech léiwer géif soen. Et ass eeben eng kleng Sprooch, déi nach net ganz esou standardiséiert ass wéi verschidden Nopeschsproochen. Dofir sinn ech och ganz gespaant, wéi de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen an der Schoul wäert weidergoen a wéi d'Sprooch weider standardiséiert gëtt, oder net.
S: Jo, do sinn ech effektiv och gespaant!
C: Mee lo soen ech just nach "Vive!" an da si mer duerch fir haut.
S: Villmools merci, Caroline, fir deng Erklärungen a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!