Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi keen direkte Pendant am Lëtzebuergeschen hunn a firwat dat guer net esou schlëmm ass.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer haut?
C: Kenns de dat als méisproocheg Persoun, wann s de e Wuert sichs an da scans de däi Gehier, fir et ze fannen an da sees de, lo fält mer dat Wuert op all Sprooch an, just net op där Sprooch, wou ech et brauch.
S: ____
C: Oder du wurschtels dech esou un e Begrëff erun, fir en ze fannen, well en op der Zong läit an e fält der net an. An dann hu mer awer och Wierder, wou mer e Wuert sichen a wou et de facto kee Wuert gëtt am Lëtzebuergeschen. Oder eent, wat mer mussen zesummebauen – an dat ass och näischt Neies. Dat typescht Beispill, wat all Joer medial ausgepak gëtt, ass lo natierlech, dass et fir d'Léift kee passend Verb gëtt (FR aimer, DE lieben), woubäi do déi jonk Leit sech natierlech mat 'liben' iwwerhaapt net lompe loossen. Dat ass awer net mäin Theema vun haut …
S: … mee vläicht en Theema fir eng aner Emissioun!
C: Mir geet et haut ëm Nähe, wéi bei 'Nähe und Distanz'. Oder 'closeness' am Engleschen. Wéi géifs du dat op Lëtzebuergesch soen?
S: ___
C: Ma mir brauchen dat effektiv och oft an eiser linguistescher Aarbecht, well do hues de da Sprache der Nähe a Sprache der Distanz, fir dat da richteg ze iwwersetzen op Lëtzebuergesch. A wat ech do och ëmmer maachen, ass dass ech 'Proximitéit' huelen. Awer Proximitéit ass e geléint Substantiv fir sech. Mee mir hu jo awer Bezeechnunge mam Adjektiv no. No sinn oder dat doten ass méi no wéi dat anert. Mee wann s de awer e Substantiv draus méchs, dann hält et op eemol op. Du kanns näischt 'bauen'. A wat verréckt ass, well mir kéinte reng theoreetesch eppes bilden, wéi Noheet (domm>Dommheet) oder Not (déif>Déift). Mee *Noheet an *Not si Substantivéierungen, déi zwar engem bekannte Muster entspriechen, mee déi einfach net etabléiert sinn. An dat weist och erëm, dass d'Logik vun der Sprooch ganz oft e Wonschdenken ass. Mir hunn ëmmer d'Gefill, ah, mee dat ass jo guer net logesch. Mee ech soen Iech: Ganz vill Saachen an der Sprooch sinn net logesch. Mir wëlle just ëmmer gäre logesch Zesummenhäng gesinn, well eist Gehier da ganz happy ass.
S: Well mer ëmmer e Sënn mussen an de Saache gesinn?
C: Jo, oder op d'mannst e System, dee mer erkennen. Mee et ass sou gesinn net logesch, dass mer, an ech kann elo nach eng Kéier 'liben' als Verglach bréngen, dass mer d'Substantiv 'Léift' hunn an an d'Adjektiv 'no'. Awer mir kënnen aus dem Adjektiv 'no' keen direkt Substantiv ofleeden (*Noheet) a mir kënnen aus dem Substantiv 'Léift' keen direkt Verb ofleeden (*léiwen). Bon, aus 'no' kënne mer lo och kee Verb maachen, mee dat huet och e bësse semantesch Grënn. An do gesi mer, dass déi Saachen anescht sproochlech zesummenhänken, ne, anescht wéi elo am Däitschen, do hues de ganz systematesch: Liebe > lieben, nah > Nähe.
S: An do sëtz de owes am Auto an denks doriwwer no.
C: Haha, jo, mee awer ganz onverkrampft, dat ass einfach intressant, wéi anescht dat einfach ass. Well mer awer de Virdeel hunn, dass mer a verschiddene Sproochen eppes kënne léine goen an eppes souzesoe mat deene passenden Endunge bilden, kënne mer eppes bilde wéi Proximitéit, also FR proximité mat der lëtzebuergescher Endung -téit. Wéi gefält dir 'Proximitéit'?
S: ___
C: Et geet natierlech net an all Kontext, also wann ee vun "körperlicher Nähe" schwätzt, ass 'kierperlech Proximitéit' vläit e bëssen onpassend (Intimitéit?). Proximitéit huele mer da ganz, jo, aus dem Franséischen an dat selwer kënnt aus dem Latäin. Funfact op dëser Plaz: den Telefonsreseau Proximus an der Belsch heescht op Latäin 'deen nootsten', Superlativ vu 'prope' (no). Dat heescht Proximus, dat ass e Superlativ fir ze soen, sou kriss de d'Leit am nootste beieneen, en noe Reseau. Awer dat ass elo just e klenge Funfact um Rand. Wéi bei Proximitéit ass et awer ganz normal, eppes léinen ze goen, mir hunn eeben och d'Méiglechkeet, fir Saachen eent zu eent ze léinen, grad wann et och vläit Fachbegrëffer sinn oder jee nodeem wéi een et benotze muss.
S: Ass dat dann eppes speziell Lëtzebuergesches, dass do esou verschidde Wierder net do sinn?
C: Nee, dat hues de och an anere Sproochen an dat mierks de dorunner, dass se da Saache léine ginn. Ee Beispill ass 'Wanderlust', dat hunn se am Engleschen iwwerholl. Kuck, dat Wuert ass et am Engleschen net ginn oder et huet ee gemengt, dass dat am Däitsche perfekt ausdréckt, wat se soe wollten an hunn dann 1:1 Wanderlust iwwerholl. Oder och Schadenfreude. Schadenfreude ass och eppes, wat aus dem Däitschen iwwerholl ginn ass fir d'Englescht, awer scho viru bal 200 Joer.
S: Wierklech! Ech hat gemengt, sou Saache wieren ëmmer méi nei.
C: Géif ee mengen! Mee vläit muss ech d'Schadenfreude an enger extra Episod traitéieren, do gëtt et e puer schéin Detailer, och aus der Philosophie – an de Simpsons!
S: Cool!
C: Anescht sinn dann effektiv sou rezent "Trendwierder" aus anere Sproochen – a wéi gesot, net nëmmen am Lëtzebuergeschen. Do hätt ee beispillsweis – scho bësse méi al elo: Hygge. Also déi Zort Gemittlechkeet, déi mat deem dänesche Wuert verbonnen ass. Oder, dat ginn ech dann duerch meng Studentinne gewuer, déi Recherchë maachen, Wierder, déi op Tiktok trenden, beispillsweis ass et elo total cool, fir op Däitsch oder op Englesch 'nonchalant' ze soen – an dat ka souwuel negativ wéi positiv gemengt sinn! Do ass et och intressant ze héieren, wéi se dat franséischt Wuert am Engleschen oder Däitschen dann ausschwätzen! Do ass et mat Proximitéit scho méi einfach! … oder mer soen einfach "Nähe" aus dem Däitschen … oder et gëtt ëmschriwwen. An a propos Proximitéit – weess de, wat elo besonnesch no ass?
S: Eis Summerpaus!
C: Eis Summerpaus.
S: Dir musst awer kee Wiwi verpassen, well et ass wéi ëmmer alles an der Mediathéik vum 100,7 online an och op zwou grousse Podcast- resp. Musekplattformen.
C: An ech kommen da mat neien Episoden am September erëm. A bis dohinner: Iech all eng gutt Zäit a schreift eis gären op wiwi@100komma7.lu, wann Der mir e Wuert oder e Commentaire wëllt schécken, mir si frou iwwer all Wuert a Feedback vun Iech!
S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier an 2 Méint, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!