D’Schauspillerin an Enseignante am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg huet hir Schauspillformatioun op der Schule für Schauspill zu Kiel am Norde vun Däitschland gemaach a schafft zanterhier als fräi Schauspillerin, notamment zu Lëtzebuerg, mee awer och ënner anerem an Däitschland.
Si ass am Theater aktiv, de Film tentéiert si awer och an dernieft ass nach hir Aarbecht als Enseignante am Conservatoire, wou iwwer e ganz flotte Projet rieds geet am Gespréich. Mat der Opféierung am TNL “The Empty Space”, e Projet, bei deem verschidden artistesch Disziplinne matenee verschmëlzen.