2025 ass e Joer, an deem ganz vill un d’Enn vum Zweete Weltkrich geduecht gëtt, international ënner anerem mat de Liberatioune vun en etleche Konzentratiounslagere vun Nazi-Däitschland, mat der ganz emotionaler Gedenkfeier fir d‘Liberatioun vum KZ Auschwitz am Januar dëst Joer. Mee och zu Lëtzebuerg gëtt un d’Enn vum Zweete Weltkrich geduecht, besonnesch mam Enn vun der Ardennen-Offensiv. U sech kann ee soen, datt Lëtzebuerg zweemol befreit gouf, am September 1944, mee och nach emol ufanks 1945, well wien hätt scho geduecht, datt d’Nazien nach emol erëm kéimen, an déi sougenannt Ardennenoffensiv, déi och nach Rundstedt Offensiv respektiv Herbstnebel genannt gouf, am Englesche schwätz ee vun der Battle of the Buldge, abee dës Ardennenoffensiv ass wuel mat dat schroost, dat Lëtzebuerg erlieft huet.
D’Lëtzebuerger Krichsgeschicht ze retracéieren, ze dokumentéieren an drun ze erënneren, dat ass zu engem groussen Deel d’Missioun vum Dikrecher Militärmusée. A wann een den Numm Roland Gaul héiert, dann ass ee ganz séier beim Militärmusée zu Dikrech, well de Roland Gaul ee vun deene war, deen aus enger Iddi, aus enger historescher Passioun eraus mat gehollef huet, datt de Militärmusée Realitéit gouf.
Dee fréieren Direkter vum Militärmusée war an ass dëst Joer schonn zolidd sollicitéiert, esou ass hie Kurateur vun Ausstellungen, Auteur, Beroder an och Coordinateur vu Gedenkfeieren.