25 Joer laang huet dem Jean Claude Majerus säin Invité aktiv Basket gespillt, an dat, wat sécher Rekordverdächteg ass, a 7, jo bal 8 verschiddene Veräiner, wann een déi hallef Saison zu Ohn nach dobäi hëlt. Hie war zweemol Lëtzebuerger Basketchampion, huet eemol d’Coupe de Lëtzebuerg gewonnen, hien huet zéngmol Coupe d’Europe-Matcher gespillt an natierlech huet hien och 45 Mol am Trikot vun der Lëtzebuerger Basketnationalekipp gespillt. De Marco Rock, oder besser bekannt als Rocky, wéi hien zanter senger aktiver Zäit bis haut genannt gëtt.
De Rocky huet mam Basket vill erlieft, et war eng super Zäit, déi een an de Hale konnt verbréngen. De Basket huet dem Rocky vill ginn, mee no der aktiver Zäit als Spiller huet hie mat sengem grousse sozialen Engagement probéiert och zeréckzeginn. Notamment mat sengem Engagement fir den Télévie a ganz besonnesch och aktuell bei de Special Olympics, wou hien d’Basketekipp trainéiert an och do schonn onheemlech flott Erliefnesser hat. An dobäi ass de Rocky och Member am Comité vun de Special Olympics.