Den 23 Februar dëst Joer waren an Däitschland virgezunnen Neiwalen nodeems déi sougenannt “Ampelkolation”, d’Koalitioun tëscht der SPD, rout, der FDP, Giel an deene Gréngen ebe gréng ënnert dem Bundeskanzler Olf Scholz ausernee gebrach ass, an domadder Däitschland huet muss nei wiele goen. Ronn 60,5 Millioune Leit konnt wielen, mat um Enn dem Resultat datt d’Uniounsparteien CDU an CSU stäerkste Kraaft an Däitschland gi sinn an d’AFD op déi zweet Plaz koum.
Elo wësse mer dann och datt an Däitschland eng grouss Koalitioun mat der Unioun an der SPD sech fonnt huet mat engem neien däitsche Bundeskanzler dem Friedrich Merz vun der CDU.
630 Deputéiert sëtzen elo an dem neie Bundestag, a bei dëse Wale gouf d‘Sandra Stein als nei Deputéiert fir déi gréng an deen däitsche Bundestag gewielt. Speziell bei der Sandra Stein ass, datt si als Kand laang zu Lëtzebuerg, méi prezis zu Esch gelieft huet an och do an d‘Schoul gaangen an dowéinst och perfekt Lëtzebuergesch schwätzt. D‘Sandra Stein ass dem Jean Claude Majerus seng Invitée an der Emissioun „Sot emol“ et ass sécher intressant gewuer ze gi wéi si hir éischt Zäit zu Berlin erlieft huet an och wéi si sech un hir Zäit zu Esch erënnert, an och wou si hei an d‘Schoul gaangen ass.