Et ass sécher wichteg e gudde Bléck fir Ästhetik ze hunn, éier ee sech decidéiert Make-Up-Artist ze ginn. Mat engem Make-up kann ee Schéinheet realiséieren an ënnerstëtzen. A genee dat ass eeben dem Luca de Michele seng Passioun a seng Vocatioun. Hien huet seng Formatioun als Make-up-Artist op der renomméierter Famous Face Academy zu Frankfurt gemaach an huet sech zanter deem schonn en Numm an der grousser Fashion Welt erschafft.
De Luca de Michele wëllt Schéinheet schafen, och zum Deel Magie, an dat op ville Plazen uechtert d’Welt. Besonnesch Amenter ware sécher och seng Aarbecht beim Eurovison Song Contest oder op de wichtege Fashion-Weeks zu Paräis, Mailand an New York.
Mee de Luca de Michele steet weider mat zwee Féiss um Buedem an et gëtt ëmmer eng Plaz, wou hien zeréck ka kommen, egal wou hien och an der Welt ënnerwee ass, an dat ass säi Studio am Creative Hub 1535 zu Déifferdeng.