Vun der Formatioun hir ass den Invité déi Kéier an der Emissioun „Sot emol“ Historiker. No der Première am Lycée Hubert Clement zu Esch huet de Denis Scuto um Centre universitaire an op der Université Libre zu Bréissel studéiert an eng Lizenz an der Geschicht mat enger Aarbecht iwwert de Lëtzebuerger Aarbechtermouvement nom éischte Weltkrich an iwwert de Streik vun 1921 gemaach. Éier en awer de Concours an och de Stage fir Proff ze ginn, ugefaangen huet, war den Denis zesumme mam Historiker Gilbert Trausch an der Historiker Marie Paule Jungbluth Coordinateur vun der grousser Expoe “Lëtzebuerg: 150 Joer onofhängeg-De l’Etat à la Nation” am Joer 1989. Dono dann de Stage, éier hie Geschichtsproff ginn ass an huet zu Esch Schoul gehalen, um ISERP a spéider op der Uni Lëtzebuerg. Dernieft huet hien och nach weider gefuerscht, besonnesch d’Sozialgeschicht, de Minett an d’Industriegeschicht hunn him et ugedoen, an dorop koum och nach 2009 eng Dokterthees op der ULB derbäi.
Haut ass de Denis Scuot Professer fir Zäitgeschicht a war och Vizedirekter vum Center for Contemporary an Digital History op der Uni Lëtzebuerg.
Dat ass déi akademesch Säit déi de Denis Scuto nawell bekannt gemaach huet. Anerer denke wann se säin Numm héieren éischter un de Fussball. An zwar nach méi konkret un d’Jeunesse Esch, dee Veräi wou hie säi ganzt aktive Fussballerliewe laang gespillt, mat um Enn 9 Championstitelen a 4 Mol dem Titel an der Coupe de Luxembourg.
Da war hien och laang Rekordspiller an der Fussballnationaldivisioun mat 424 Matcher, an 1988 war hie Fussballspiller vum Joer.