Hie war iwwer 10 Joer Direkter vum Centre Culturel de Rencontre Neimënster, hie war Coordinateur général vum éischten europäesche Kulturjoer zu Lëtzebuerg 1995. Dann ass hien awer och Auteur, Acteur, mécht Chroniken, ass Metteur en scène, Organisateur an huet bis haut nach ëmmer eppes ze soen, och wann hie sech méi rar mécht. Et ass en Numm, deen een nach ëmmer am Kapp huet, de Claude Frisoni.
De Claude Frisoni koum zu Knutange op Welt, gouf zu Villerupt grouss, nom sengem Lycée zu Lonkech huet hien Droit a Scienes economiques zu Nanzeg studéiert. Fir duerno da praktesch vun Ufank u säi Liewen an der Kultur ze liewen an zënter 2013 ass hien elo schonn an der Pensioun.
Dee multikulturellen Aspekt huet de Claude Frisoni ëmmer gelieft, als Fils vun italieeneschen Elteren a Frankräich, mat engem Liewen am Dräilännereck an dann eeben déi Villfältegkeet vun der Kultur.