D’Joer 1945, virun 80 Joer, ass e Joer, an deem vill zeréckgeduecht, vill commemoréiert gëtt, mee och no vir gekuckt a weider sensibiliséiert muss ginn.
Am Januar gouf un d’Liberatioun vum Konzentratiouns- a Vernichtungslager Auschwitz-Birckenau mat enger grousser internationaler Gedenkfeier op der Plaz geduecht.
Auschwitz ass Synonym vun Terror an den Grausamkeete vun Nazi-Däitschland. An et wäerte sécher dëst Joer nach méi Gedenkfeiere kommen, bei deenen un d’Liberatioun vun anere KZer geduecht gëtt: Buchenwald, Berge-Belsen, Dachau, Ravensbrück oder Mauthausen, fir nëmmen déi ze nennen. Oder am Mee sinn et 80 Joer, datt d’Nazi-Däitschland kapituléiert huet an den Zweete Weltkrich an Europa endlech eriwwer war.
Zanter 80 Joer gëtt ëmmer erëm gesot, datt esou eppes ni méi dierf geschéien. An awer hu mir nees e Krich an Europa, an och soss vill Kricher op der Welt mat ganz ville Mënschen, déi nees musse flüchten.
Dofir ass et wichteg, datt Mënschen, déi esou Grausamkeeten erlieft hunn, doriwwer schwätzen an esou d’Erënnerung wakereg halen a weisen, wat alles ka geschéien, wa mir net oppassen.
De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoah a vum Zweete Weltkrich. Hien ass gebierteg vun Nanzeg, also guer net esou wäit vu Lëtzebuerg ewech, deem Land, wou hien och haut wunnt a lieft. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen, besonnesch de jonke Generatiounen, fir datt et nimools an de Vergiess geréit, besonnesch dëser Deeg, wann een déi politesch Entwécklung kuckt, an där de Rietsextremismus nees fermen Opdriff kritt.