Wann ee vum Théâtre Ouvert Luxembourg, dem TOL, schwätzt, da kënnt een net laanscht den Numm vun der artistescher Directrice vum TOL, der Véronique Fauconnet. Zënter ëmmerhi scho 25 Joer ass d‘Véronique Fauconnet quasi d’Séil vum Theater an deem fréiere Gedrénkshangar op der Diddenuewener Strooss an der Stad. Si huet den Theater an der Funktioun vun artistescher Responsabeler vum Marc Olinger, engem vun de Grënnungsmembere vum TOL, souwéi vun der Claudine Pelletier a vum Claude Frisoni iwwerholl.
Gegrënnt gouf den TOL 1973, wéi gesot vum Marc Olinger. Mat derbäi waren den Henri Losch, Pol Greisch, Ger Schlechter an d’Christiane Schlechter-Wirtz.
D’Véronique Fauconnet ass nieft hirer Aarbecht als Directrice artistique vum TOl awer oder virun allem och Actrice a Regisseurin.
Si huet eng Schauspillformatioun am Escher a Stater Conservatoire bei Leit wéi Marc Olinger, Philippe Noesen a Claudine Pelletier gemaach. Si hat hiren Ufank op de Brieder vum Theater 1982 am Kapuzinertheater.
Et ass schonn eng grouss Léift zum Theater, déi Véronique Fauconnet entwéckelt huet, an dat geet vum klasseschen Theater bis eriwwer bei déi zäitgenëssesch Dramatik. En anere Volet vun hiren Aktivitéite war awer och hir Aarbecht an der Animation théâtrale an de Lycéeën, déi si 10 Joer laang fir de Kapuzinertheater gemaach huet.