Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot Emol

100komma7.lu / Sot Emol

/ Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den Numm Fernand Weides dierft sécher deenen 100,7-Nolauschterer, déi scho laang de Radio suivéieren, e Begrëff sinn. De Fernand Weides war nämlech vu Juli 1994 bis August 2013, also bal 20 Joer laang, Direkter vum 100,7, éier hien an d’Pensioun gaangen ass. No sengem Journalismusstudium huet seng berufflech Karriär 1974 beim Republicain Lorrain ugefaangen, du koum hie bei d‘Tageblatt, voll an der Zäit vun der Stolkris, mat spéider och enger Nominatioun als Chefredakter adjoint.

Eng aner grouss Passioun vum Fernand Weides sinn déi nei Informatiounstechnologien, mat notamment senger Aktivitéit bei der Societéit Videocom, hie war Direkter vun Eldoradio an du vun 1994 un Direkter vum radio 100,7. Do huet hien nieft senger administrativer Aarbecht awer och weider “um Terrain” geschafft, erënnere mir un de Rendez-vous an der Galerie, dem Rendez-vous mat der Konscht all Méindeg Owend um 100,7, wat eng weider Passioun vum Fernand Weides ass, nämlech d’Konscht.

Dernieft goung dem Fernand Weides säin Engagement nach méi wäit, an zwar als aktive Member an och President vun der Association luxembourgeoise des Journalistes, oder senger Aarbecht am Conseil de Presse, och do zäitweis als President.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

Anabela a Jorge Valente: Eng Globetrotter-Koppel

D'Anabela an de Jorge Valente si schonn 10 Joer mat hirem Motorrad ënnerwee ronderëm d'Welt, ewell schonn iwwer 130.000 Kilometer.
headphones

56 min

play_arrow
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Clara Herz: "Actrice ass mäin Dramberuff"

Mat vill Engagement, Talent an och Passioun ass dës Actrice amgaange sech an der Schauspillwelt ze etabléieren. Si ass vill zu Paräis, mee huet sech och schonn op Lëtzebuerger Büne gewisen a bewisen.
headphones

56 min

play_arrow
Aly Bintz: E léiwe Männchen

Aly Bintz: E léiwe Männchen

De Lëtzebuerger Acteur a Sänger Aly Bintz ass virun 20 Joer am Alter vun nëmme 75 Joer gestuerwen. Mir erënneren un dëse Lëtzebuerger Entertainer.
headphones

55 min

play_arrow
Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown

De Gesondheets-Clown Joe Del Toe ass den Invité bei Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow