Dee verstuerwene Museker a Ex-Beatle John Lennon a seng Fra Yoko Ono sollten am September 1969 um Rockfestival vun Toronto optrieden. De Problem: si haten awer keng Band. Dat war dunn Gebuertsstonn vun der Plastic Ono Band.
Nieft John Lennon a Yoko Ono waren de YES-Batteur Alan White, deen däitsche Bassist Klaus Voorman an deen deemools 24 Joer jonke Gittarist Eric Clapton Grënnungsmembere vun der Plastic Ono Band.
Virun hirem éischten, a gläichzäiteg och leschten Optrëtt an där Formatioun, hat d’Band ni zesummegespillt an um Wee op Toronto gouf am hënneschten Deel vum Fliger geprouft. Aus där Band gouf eng Legend, vläicht och well si eeben duerno ni méi opgetruede sinn oder bal ni méi opgetruede sinn.
De 16. Februar 2010 hunn nämlech d’Yoko Ono, den Eric Clapton, de Klaus Voorman an dem John Lennon säi Fils Sean als Plastic Ono Band nach eng Kéier virun 2.000 begeeschtert Visiteuren an der Brooklyn Academy of Music zu New York e Concert ginn.