Retromania
Peter Scholl-Latour: De groussen däitsche Krichsreporter
8 min
Hien ass dee bekanntsten däitsche Krichsreporter an Expert fir den Noen Osten, deen Däitschland d’Kricher op dëser Welt iwwer 60 Joer laang erkläert huet: de Peter Scholl-Latour.
Et gouf zum Peter Scholl-Latour senger Zäit wuel kaum eng Table ronde oder Interviewsronn, wou hien net derbäi war. De Journalist huet dem Nolauschterer oder dem Nokuckert seng Vue vun der Weltpolitik markéiert. Hie war och sécher ee vun de populäersten Televisiouns-Journaliste vu senger Zäit a seng Bicher wéi “Der Tod im Reisfeld” hu sech Millioune Mol verkaf.
De Peter Scholl-Latour ass de 16. August 2014, virun 10 Joer, am Alter vu 90 Joer gestuerwen. Hie war bis an den héijen Alter mam Journalistevirus infizéiert an uechtert Welt ënnerwee.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus