Virun 80 Joer, de 4. August 1944, eigentlech ee gewéinlechen Dag zu Amsterdam. Mee de Moien, virun 11 Auer, ass an der Prinsengracht 263 zu Amsterdam d’Katastroph, déi mënschlech Tragedie ugaangen.
Däitsch Nazi-Zaldoten hunn déi jiddesch Famill Frank an hir Frënn aus engem Haus oftransportéiert, wou si sech iwwer 2 Joer verstoppt haten, a mat deem Freideg-Moien ass fir si d’Hoffnung gerett kéinten ze ginn oder besser gesot ze iwwerliewen, wéi eng Seefeblos geplatzt.
Och 80 Joer nom 4. August 1944 ass nach ëmmer net gewosst, wien dës Mënsche verroden huet.