D'Oud-Spillerin Sulaf aus dem Sudan ass amgaang sech en Numm an eise Géigenden ze maachen a kënnegt hiren neien Album "Aba" fir ugangs Oktober via Real World un.
Eng aner nei Real World Publikatioun déi dëser Deeg erauskoum ass déi vum Multi-Instrumentalist, Poet an experimentelle Museker Arun Sood zesumme mat der Folk Sängerin Angeline Morrison. Hire gemeinsamen Album "Donn/Dubh" ass inspiréiert vu kelteschen Texter aus dem 10ten Joerhonnert, agepaakt a Museks-Influenzen aus Schottland, Jamaika an Indien.
Trip-Hop aus dem Maghreb mat Reflexiounen iwwert d'Illusioun vu Verännerung a Fortschrëtt, op eng verspillten Aart a Weis vermëttelt, héiere mer op der Natacha Atlas & Samy Bishai hirem neien Album "Parallel Universe – Volume 1".
Den Tricky ass zesumme mam algeresche Räi-Gittarist a Sänger Hakim Hamadouch um Album "Mixed Race". En Disk mat Gaaschtinvitéen a Stiler déi wiesselen. Nordafrikanesch Aflëss, Post-Punk, Pop, Reggae an Hip-Hop.
Och bei de Fransouse vu Cannibale gi méi Stiler matenee vermëscht: Garage-Rock, tropesch Rhythmen, Afrikanesch Beats a psychedelesch Uergel Einlagen ...
Mir entdecke verschidde Solo-Projete vum John Frusciante, den inspiréierte Gittarist vun de Red Hot Chli Peppers! De raren "Three Thoughts" aus dem Joer 2001 ass eent vun de Lidder vum Album "The Sounds Inside", Material wat just um Internet verëffentlecht gouf. "Forever Away" ass en akusteschen, experimentelle Rock-Track deen ënnert d'Haut geet. Ze fannen ass des kleng Pärel um Soundtrack vum Vincent Gallo sengem Drama Film "The Brown Bunny".
Playlist:
01. Sulaf - Naada - Aba
02. Sulaf - Shogi Ana - Aba
03. Arun Sood & Angeline Morrison - Teann A-nall Mo Chailin Donn - Donn/Dubh
04. Arun Sood & Angeline Morrison - A Rìbhinn a Bheil Cuimhn' Agad - Donn/Dubh
05. Natacha Atlas & Samy Bishai - Unchanging Game
06. Ibeyi - Aset - Offering
07. Tricky - Hakim - Mixed Race
08. Cannibale - Taste Me - Life Is Dead
09. Gabriels - Stranger - Bloodline - EP
10. John Frusciante- A Song to Play When I'm lonely - Shadows collides with people
11. John Frusciante - Three Thoughts - The Sounds Inside
12. John Frusciante - Forever Away - Soundtrack: The Brown Bunny
13. Gayance - Mascarade - Mascarade
14. Bazar Pamplona - É Tão Cafona o que Eu Sinto Por Você - Todo Futuro é Fabuloso
15. Tiago Caetano - Só Quero Viver - Constelação
16. Carne Doce - Metagreste - Cererê
17. John Frusciante - My Life - A Sphere in the Heart of Silence