"Papa Was a Rollin' Stone" staamt aus der Fieder vun de Motown Songwriters Norman Whitfield a Barret Strong 1971. Et si The Temptations, déi d'Lidd d'Joer drop bekannt gemaach hunn. E Klassiker!
Kraaftvoll Theeme wéi Resilienz, Heelung a Freet, gepak an engem Mix vu Soul, Hip-Hop an Jazz héiere mir um aktuellen Album "Flowers For The Living", vum zu Cleveland baséierte Kollektiv Mourning [A] BLKstar.
Grad wéi d'Kazen huet och déi zu New-York baséiert Singer-Songwriterin Kandra Morris 9 Liewen. Op hirem Album "9 Lives" aus dem Joer 2022 refletéiert si iwwer hir perséinlech Erfarungen.
Erënnere mir eis: Den Teaspoon Ndelu war e geschate südafrikanesche Saxofon-Virtuos a gefrote Studiomuseker. Den Amadou Traoré, besser bekannt als Amadou Balaké, war e bekannte Sänger aus Burkina Faso ...
Iwwer déi Sozial Medien zum Star ze ginn, dat probéieren der vill, mee Talent, maîtriséiert Techniken, Charisma an Originalitéit, dat bréngt dir och d'KI net. All dës Qualitéiten hat d'Tash Sultana awer 2016 an hirem Titel "Jungle" un den Dag geluecht, Lidd vun hirem Debutalbum "Notion" ass séier viral gaangen. D'Australierin ass de 26. August zu Gaascht am Atelier zu Lëtzebuerg.
D'Illusioun vum séiere Geld, besonge mat engem melancholesche Falsetto. "Easy Money" ass en excellente Laid-Back Roots-Reggae vum Horace Andy um Album "Midnight Rocker", en Disk, deen 2022 erauskoum a vum Adrian Sherwood produzéiert ass. Adrian Sherwood, selwer jo eng Referenz am Beräich Dub/Reggae.
Playlist:
01. The Pioneers - Papa Was a Rolling Stone - Give and Take - The Best of the Pioneers
02. Mourning [A] BLKstar - Can We? - Flowers For The Living
03. Michelle David & the Gospel Sessions - My Praise - The Gospel Sessions, Vol. 2
04. Kendra Morris - Who We Are - Nine Lives
05. Teaspoon Ndelu - Sputla - Mr Bongo Record Club, Vol. 4 (Compiled by Mr Bongo)
06. Ebo Taylor - Poverty No Good - Yen Ara
07. Amadou Balake - Migoussia - Taximen
08. Tash Sultana - Jungle - Notion
09. Ernest Ranglin - King Tubby Meets the Rockers - Below the Bassline
10. Horace Andy - Easy Money - Midnight Rocker
11. Laurent Garnier & The Limiñanas - Juliette - De Película
12. Brigitte - Ma Benz - Et vous tu m'aimes? (Encore)
13. Gaia Banfi - Piazza Centrale - La Maccaia