Beim polymorphe Kollektiv Zita Swoon Group ass de Stef Kamil Carlens den artistesche Leader. De Multiinstrumentalist war e Grënnungsmember vun dEUS an interesséiert sech scho länger fir d'World-Musek.
Zu de Pionéier vun der World-Musek zielen Osibisa. Si goufen 1969 gegrënnt, eng Zäit, an där déi afrikanesch Musek kaum bei eis bekannt war, ausser bei deene Leit, déi gereest sinn a Kassetten oder Vinylsplacke mat heem bruecht hunn.
Traditionell westafrikanesch Instrumenter wéi Kora a Ballafon, kombinéiert mat westlechen Aflëss, héiere mer bei Toure-Kunda aus dem Senegal, och si zielen zu de Pionéier.
Den Album "Emmaar" vun der Touareg-Band Tinariwen, gouf an der kalifornescher Wüste vun Joshua Tree opgeholl wéinst Onrouen an Tinariwen, hirer Heemecht. Amerikanesch Museker, wéi de Josh Klinghoffer (Red Hot Chili Peppers), hu matgewierkt an inhaltlech geet et bei de Lidder vun "Emmaar” ëm den Iwwerliewenskampf vun den Touareg, dem Wonsch no gesellschaftlecher Unerkennung souwéi ëm Fräiheet an déiwer emotionaler Verbonnenheet.
De faméise mexikanesche Gittaren-Duo Rodrigo y Gabriela lauschtere mir an der Interpretatioun vu Metallica hirem "The Struggle Within". Den Erléis vun dësem Cover gëtt gespent un d’"All Within My Hands Fondatioun" vu Metallica an un de Schutz vun de Mierer. Eng gutt Saach also, zu där Dir bäisteiere kënnt, wann Dir dëse Cover kaaft!
Mir bleiwen och op de Kanareschen Insele beim Hirahi Afonso sengem "Lo Puro". Den Titel setzt sech mat der philosophescher Iddi ausenaner, datt déi sougenannte kulturell oder musikalesch "Rengheet" eigentlech ëmmer aus enger Mëschung entsteet "La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla". "Lo Puro" zelebréiert d'Verschmëlzung vu verschiddenen Traditiounen, Genren a Aflëss. Hei héiere mir och den Timple, en typescht kanarescht Säiteninstrument.
Playlist:
01. Zita Swoon Group - A Ni Baara - Wait for Me
02. Osibisa - Welcome Home (Live) - Black Magic Night (Live) [Live at the Royal Festival Hall]
03. Toure Kunda - Emma (Live) - Paris - Ziguinchor (Live)
04. Tinariwen - Chaghaybou - Emmaar
05. Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
06. Rodrigo y Gabriela - The Struggle Within - Single
07. Hirahi Afonso - Lo Puro (feat. Rita Payés & Vic Mirallas) - Single
08. Romero Martín - Nana del Culo - Manifesto
09. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC
10. Erick Cosaque - Guadeloupe, île de mes amours - Chinal Ka 1973 - 1995
11. Oan Kim - Agony - Oan Kim & the Dirty Jazz
12. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None
13. Kraked Unit - Lucky Charm (Album Mix) [feat. Piers Faccini] - Ce qui nous lie (Bande originale du film)