arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ "You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

Akustesch Gittar, Perkussioun a beim Titel "Gela" déi kraaftvoll Stëmm vun der Ejigayehu Shibabaw kuerz Gigi genannt, en zäitgenëssescht äthiopescht Lidd vun Abyssian Infitine hirem Album Zion Roots.


Titi Robin, de franséische Museker, Komponist a Multiinstrumentalist ass e Pionéier vun der Weltmusek. Säin eenzegaartege perkussive Stil verbënnt d'Kläng aus dem Mëttelmierraum, aus Nord-Afrika, Indien sou wéi Aflëss vun de Sinti a Roma.


Den argentinesche Gittarist, Perkussionist a Sänger Ignacio Maria Gomez sengt an enger Sprooch déi en sech selwer ausgeduecht huet, e benotzt se wéi en Instrument fir spirituell Mantraen a Gesangsformen.



"Wann ech net sangen, stierwen ech" sot di brasilianesch Sängerin Gal Costa. Mir tauche kuerz an an hire berüümten Album "Índia" aus dem Joer 1973, Disk dee bekannt ass fir seng räich a fein Arrangementer vun traditionelle brasilianesche Rhythme mat Pop-Avant-garde a sengem sënnleche Gesang.


Art-Rock, Jazz-Fusioun an Elementer aus der spiritueller Musek op eng hypnotesch Aart a Weis vereent, dem David Sylvian säin "I Surrender" ass begleet vun héichkarätege Museker wéi de Ryuichi Sakamoto um Fender Rhodes E-Piano, de Kenny Wheeler huet säi markante Solo um Flügelhorn bäigesteiert, di subtil akustesch Deeler op der Gittar huet de Marc Ribot gespillt an de Steve Jansen spillt d'Perkussiounen. "I Surrender" baséiert iwwregens op engem rhythmesche Sample vum The Mahavishnu Orchestra hirem "You Know, You Know".


D'Tindersticks mat hirem "You'll Have to Scream Louder" ass en Titel deen d'Ignoranz vun den Elitten déi an hiren Elfenbeintierm Entscheedungen treffe kritiséiert, en dréckt d'Suergen aus vun de normale Leit déi d'Gefill hunn net gehéiert ze ginn an den Text beschreift och d'Roserei déi opkënnt. Mir ginn d'Hannergrënn vum Lidd gewuer ...


Playlist:

01. Abyssian Infitine - Gela (feat. Gigi) - Emociones, Vol. 1

02. Titi Robin - Ali Farka danse et se souvient - Rebel Diwana

03. Songhoy Blues - Toukambela - Héritage

04. Ignacio Maria Gomez - Belesia - Belesia

05. Gal Costa - Passarinho - Índia

06. Zé Nigro - Gorjeios (feat. Arthur Verocai) - Silêncio

07. Murge - Everytime You Go (feat. Sierra Lundy) - Gold and Bliss

08. David Sylvian - I Surrender - Everything & Nothing

09. Yussef Dayes - Rust (feat. Tom Misch) - Black Classical Music

10. Tindersticks - You'll Have to Scream Louder - Single

11. Massive Attack - Safe From Harm (feat. Shara Nelson) - Blue Lines

12. Massive Attack - Heat Miser - Protection

13. Guillaume Perret - Peace - A Certain Trip

Episoden

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow