De 26. Juni fänkt de Wëlzer Festival op en Neits un. Den Dag drop, de 27.6., ass de wuelbekannte bosnesche Museker a Komponist Goran Bregović zu Gaascht.
Den 28. Juni ass de Victor Kraus Group zu Gaascht mat sengem "Canto Ostinato". Hei héiere mir eng Neiinterpretatioun vum hollännesche Komponist Simeon ten Holt sengem Wierk, d’Musek gëtt vun auserwielten Texter begleet, eng Decouverte!
Den 30.06.2026 si Veda & The String Machine programméiert. Hei héiere mir en Jazzquartet, dat engem Sträicherensemble begéint.
Den 02.07.2026 sinn dann Dogstar zu Gaascht zu Wolz. Déi amerikanesch Rockband ronderëm de Batteur Rob Mailhouse, mam Bret Domrose op der Gittar a Gesang an dem Keanu Reeves um Bass. Dogstar wäerten hiren neien Album "Somewhere Between the Power Lines and Palm Trees" zu Wolz virstellen an natierlech och Klassiker aus hirem Repertoire spillen.
James and the Cold Gun, eng alternativ Rock-Band vu Cardiff, spillen als Opener fir Dogstar, eng Soirée fir d’Adepte vum Rock den 2. Juli um Wëlzer Festival.
Den 09.07.2026 opgepasst: Alien Pop Music mat den Einstürzende Neubauten. Eng Kultband, déi den 1. Abrëll 1980 gegrënnt gouf, eng Zort Feldfuerschungsversuch am Beräich Musek, op der Sich no neien Téin a Wierder. Et heescht zu Wolz géif de Berliner Quartett zeréck op seng Wuerzele goen a sech gläichzäiteg nei definéieren.
De Shai Maestro ass en zäitgenëssesche Vertrieder vum Jazz-Piano, dee geschat gëtt fir seng raffinéiert Kompositiounen a säi Sënn fir Erzielung an Improvisatioun. Shai Maestro Quartet zu Gaascht um Wëlzer Festival de 14 Juli.
D’Jeff Herr Corporation spillen och de selwechten Dag an enger neier Besetzung, mat nieft dem Batteur a Bandleader Jeff Herr, dem Maxime Bender um Saxofon an dem Pol Belardi um Bass an de Synthien. De 14. Juli steet also ganz am Zeeche vum Jazz.
De 16.07.2026 ass déi innovativ franséisch Batteuse a Komponistin Anne Paceo um Wëlzer Festival programméiert. Hir Musek vereent den Jazz mat de Weltmuseken an engem Ausdrock tëschent de Genren. Dëse Summer presentéiert si um Wëlzer Festival hiren neie Projet "Atlantis", eng Kreatioun, déi hire Virstellunge vun Atlantis, enger verluerener Zivilisatioun, entsprécht. Eng Decouverte!
Playlist:
01. Dino Brandão, Faber & Sophie Hunger - Ich liebe Dich - Euse Rosegarte
02. Sophie Hunger - She Makes President - Molecules
03. GRENZKONTROLLE - Schwarzes Schaf - Edelweiss
04. Jack White - G.O.D. And The Broken Ribs - G.O.D. And The Broken Ribs
05. Goran Bregovic - Ouzo & Banana
06. Haïdouti Orkestar & Ibrahim Maalouf - L'incompris - La vache (Bande originale du film)
07. Dogstar - Lily - Somewhere Between the Power Lines and Palm Trees
08. James and the Cold Gun - Chewing Glass - James and the Cold Gun
09. Einstürzende Neubauten - Isso Isso - Rampen
10. Shai Maestro Quartet - Strange Music - The Guesthouse
11. Anne Paceo - Mantha - Atlantis (Deluxe Edition)
12. Anne Paceo - From Shadow to Light - From Shadow To Light
13. Arun Sood & Angeline Morrison - A Rìbhinn a Bheil Cuimhn’ Agad’ - Donn/Dubh
14. Madlib - Road of the Lonely Ones - Sound Ancestors