Déi westafrikanesch Sängerin a Gittaristin Fatoumata Diawara huet deen neien Album "Massa" de 5. Juni verëffentlecht. Hei verbënnt d'Artistin hir westafrikanesch Wassoulou Traditioune mam westleche Pop.
Little Barrie hire 6. an neie Studio-Album "Gravity Freeze" koum am Mee eraus. D'Chimie tëschent dem Gittarist Barrie Cadogan, dem Bassist Lewis Wharton an dem Batteur Malcolm Catto passt total. De Barrie Cadogan ass keen onbeschriwwent Blat, hien huet fir renomméiert Leit geschafft dorënner de Paul Weller, Liam Gallagher, Morrissey an Edwyn Collins ënner villen aneren.
Rau a Noisy. Rap-Elementer mat bëssegen awer humorvollen Texter zu Theeme wéi dem Kapitalismus, Reflexiounen iwwer d'Technologie, d'Kultur, d'Bequeemlechkeet an der Illusioun vu Fräiheet op Streaming-Plattformen ... Mir entdecken der Kim Gordon hiren neien Album "Play Me".
En anere spannenden Disk, dee fir Enn August ugekënnegt gëtt, ass dem Saul Williams säin "Leap Life". En Disk, fir deen hien de Robert del Naja an de Kamasi Washington recrutéiert huet. "Leap Life" ass en Disk mat Inhalt a Pertinenz, well e sech mat der Zerstéierung vu Gebitter ausernanersetzt, a Palästina, dem Sudan, Haiti, Kongo an dem Yemen.
Playlist:
01. Fatoumata Diawara - Tcheba - Massa
02. Fatoumata Diawara - Sigui - Massa
03. Fatoumata Diawara - Massa - Massa
04. Ibeyi - Aset - Offering
05. Helado Tropical - Tocando - Helado Tropical
06. Little Barrie - Gravity Freeze - Gravity Freeze
07. Little Barrie - Luggin’ Hurt - Gravity Freeze
08. Tricky- Because I don't Know
09. Tricky - I Still See Me There - 'Different When It's Silent'
10. Tricky - Out Of PLace - 'Different When It's Silent'
11. Kim Gordon - Play Me
12. Kim Gordon - Post Empire
13. Muse - Unravelling - The Wow! Signal
14. Jack White - Dollar Bill - Frozen Charlotte
15. Saul Williams - Conspiracy - Leap Life
16. The Rolling Stones - Rough And Twisted - Foreign Tongues
17. Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit - Single