Radioen

On air

9 bis 1  |  Homer - So Get Up! Feat. MINOVA and Michael Rault

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Los Angeles Rising

Los Angeles Rising

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Eng 15 Gruppen hu Lidder zum Benefit-Album “Los Angeles Rising” bäigesteiert. De Benefice vun der Vente vum Disk geet un Artiste souwéi Professioneller aus der Museksindustrie, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn.

Mir héieren dee brittesche Museker David J mat der original Kassetten-Demo vu Love and Rockets hirem Hit “No New Tale To Tell”, d’Yeah Yeah Yeahs sinn derbäi, de fréiere Pulp Member Jarvis Cocker, PJ Harvey, Nick Cave, Natacha Atlas an nach vill aner Artisten. Alleguer sange si fir Los Angeles, déi Stad, déi bal e Mount laang a Flame stoung.

Den Album ass just op Bandcamp ze fannen, et kann een dee Betrag bezuelen, deen ee wëllt oder kann.


Detroit: d’Stad huet Geschicht geschriwwen an ass och den Numm vum franséischen Duo, deen aus dem Bertrand Cantat, fréiere Sänger vu Noir Désir, an dem Bassist Pascal Humbert, besteet. Haut (15.2.) verëffentleche si hiren neien an intensiven Album “L’Angle”. Intensiv an och beréierend mat allerdéngs dem Hannergeschmaach vum Cantat senger Vergaangenheet. Dovunner ofgesinn a reng ënner dem artisteschen Aspekt ass “L’Angle” e wierklech schéinen Album! Voller Poesie, de Bertrand Cantat ass e Meeschter vum Wuert a weess säi Propos auszedrécken a mat Metafferen ze jongléiere grad wéi mat senger Stëmm. Détroit ass haut en Trio, derbäikoum de Jérémie Garat um Cello an der Gittar. Musikalesch si mir net wäit ewech vun den Atmosphäre vun Noir Désir.


De jonke Breton Elliott Armen, iwwregens de Fils vum Yann Tiersen, lauschtere mir vun der neier EP “Disturbance”, op där mir eng live-Interpretatioun vu vereenzelten Titele vu sengem 2 Album “Turbulence” héieren, souwéi och Inediten. Poetesch a mat enger schéiner Sensibilitéit interpretéiert.


Playlist:

1. David J - No New Tale To Tell - Los Angeles Rising

2. d’Yeah Yeah Yeahs - Turn Into (redux) - Los Angeles Rising

3. Jarvis Cocker with backing vocals by KIM SION - California Dreamin’- Los Angeles Rising

4. CRX - Blip On The Radar - Los Angeles Rising

5. PJ Harvey with Danni Bensi and Saunder Jurrains - The Red River - Los Angeles Rising

6. Nick Cave and the Bad Seeds - Los Angeles Rising - Michelangelo

7. Natacha Atlas and Samy Bishai - Shadow Fandance - Los Angeles Rising

8. Sylvie Kreusch - Home - Comic Trip

9. Tank and the Bangas - They Don’t See/Whole Foods (feat. aja monet) - The Heart, The Mind, The Soul

10. Détroit - Les âmes sauvages- L’Angle

11. Détroit - L’angle - L’Angle

12. Détroit - L’hallali - L’Angle

13. Elliott Armen - What Does It Say? - Disturbance

14. Joel Sarakula - Back For Your Love - Soft Focus

15. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC

Episoden

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow

Eclectic Harmonies

Nei-Verëffentlechungen, eng Avant-Première a schéi Stëmmen!
headphones

56 min

play_arrow

Lagos-Paris-London

Dub an Afrobeat vu Lagos, e Komponist vu Filmuseke begéint e Popmuseker an ee Soundtrack aus Südafrika
headphones

56 min

play_arrow

Happy New Year

Raffinéiert Kläng vun Nottingham, zwou onëmgänglech belsch Formatiounen an en Openthalt a Westafrika
headphones

57 min

play_arrow

A Lover was born

Soul Musek an anerer, déi mat Häerz a Séil derbäi sinn; Jazz, Funk, Soul an Hip-hop matenee vermëscht war Enn 80er ufanks 90er e Genre bekannt als Acid-Jazz …
headphones

56 min

play_arrow

el espacio entre

Neiverëffentlechung vun 3 Vinyl-LPen, déi d’Wierk vun engem geschätzten englesche Museker beliichten, futuristesch Kläng aus Spuenien an aner spannend Klangwelten
headphones

56 min

play_arrow

Wierder an Nouten

E bësse Mariachi-Spaghetti-Western-Feeling, de mutéierte Flamenco vun haut, den Afrobeat trëfft op de Rock an d’Wierder vum Herman Hesse, déi sech mat Nouten ëmginn.
headphones

56 min

play_arrow

Explizit Lyrics

De Klang vu Saigon an de 70er, e bësse Country, gudde Songwriting an eng exzeptionell Collaboratioun, déi och elo geschwënn zu Lëtzebuerg ze gesinn ass.
headphones

56 min

play_arrow

Fuzzy

En $10 Cowboy, déi éischt Schrëtt vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen an nach e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember.
headphones

57 min

play_arrow

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit