arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Uhu

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

D'Caroline Döhmer schwätzt dës Kéier iwwer grouss Vullen, Pech, de Grand-Duc a Lautmolerei, a wéi dat alles zesummenhänkt.



S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". An haut dréit sech alles ëm den Uhu. Gutte Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Haut si mer an der Déierewelt?

C: Sou ass et, mir schwätzen haut iwwer den Uhu an den Uhu bréngt eis haut bei de Pech, d'Hindenburg, eng Schreifmaschinn an de Grand-Duc!

S: Déi hunn all eppes mam Uhu ze dinn?

C: Tatsächlech ass dat alles am Kontext vum Uhu. Sou, mir sinn an engem auditive Medium, dofir: Kanns de eis d'Geräisch eng Kéier virmaachen vun engem Uhu?

S: ___

C: A genee sou ass den Uhu op säin Numm komm! Et ass eng Onomatopoesie.

S: Onno-wat?

C: Onomatopoesie ass Lautmolerei, d'Bezeechnung fir d'Déier ass genee sou wéi säi Geräisch, also eng Aart Hu-Hu. Dann hunn ech och nach fonnt, dass et viru 400 Joer d'Form Schuhu gouf.

S: Schuhu?

C: Jo, an och Buhu an Huhu. Woubäi mer den Huhu perséinlech am beschte gefält, well e fir mech genee wéi de Laut kléngt! An u wat denks de nach, wann s de Uhu héiers?

S: Mmm, un de Pech?

C: Genee, den Uhu ass dee flëssege Pech an der gieler Fläsch, deen 1932 vun engem Apdikter erfonnt gouf. Och dozou eng cool Story: Déi Zort flëssege Pech ass schonn op der Hindenburg benotzt ginn, fir d'Konstruktioun mat Pech ze verbannen!

S: Dat ass awer net gutt ausgaang!

C: Also ech géif lo och kengem recommandéieren, säin Zeppelin mat Uhu ze fixéieren, mee de Grond vum Ënnergang war net de Pech, mengen ech. Och wann et um Enn iergendwéi Pech war fir d'Geschicht vum Zeppelin.

S: A firwat heescht de Pech Uhu?

C: Anscheinend war et einfach deemools en vogue, fir Schreif- a Bürosaachen no grousse Vullen ze benennen, denk emol un d'Pelikan-Füllfieder oder d'Adler-Schreifmaschinn. Sou steet et emol um Internetsite vun Uhu. Se hunn awer eng krass Mark do etabléiert, well mir soe jo och einfach "Uhu", wa mer e flëssege Pech mengen, och wann dee vläit vun Thesa oder enger anerer Mark ass.

Well et sou witzeg ass, wëll ech der och nach hiren däitschen an hiren englesche Slogan nennen. Deen een ass: Im Falle eines Falles klebt UHU wirklich alles. An am Engleschen: Don't say glue, say UHU!

S: Juhu.

C: Huhu. A weess de, wéi en Uhu, also d'Déier, op Franséisch heescht?

S: Keng Anung.

C: Hibou Grand-Duc oder Grand-Duc d'Europe.

S: A wat huet dat mam Grand-Duc ze dinn?

C: Et ass just seng Gréisst par rapport zu aneren Eilen, déi anscheinend de Grond vun der Benennung ass.

S: Dat heescht de Jang an den Heng hunn awer näischt mam Uhu ze dinn?

C: Nee, mee Jang an Heng sinn zwee spannend Nimm, iwwer déi ech an der nächster Episod e puer Wierder verléiere wäert!

S: Da si mer gespaant a freeën eis op déi nächst Kéier mat WiWi – e puer Wierder iwwer Wierder.

C: An d'Schlusswuert ass: Äddi! 

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow