Sot emol
Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
Zanter iwwer 30 Joer stellt den Dokter Jean Claude Leners en Deel vu sengem Congé a senger Fräizäit an den Déngscht vun anere Mënschen. De Allgemengmedeziner ass reegelméisseg am Asaz fir d'Gesondheetsversuergung vu Mënschen ze assuréieren, op Plaze wou dat eben net garantéiert ass. De Jean Claude Leners war mat der Associatioun "German Doctors schonn an Indien, dem Bangladesch a virun allem an de leschte Joren op verschiddene philippineschen Inselen. En si manner Akutasäz wéi éischter Laangzäit-Projet fir déi de Jean Claude Leners sech a setzt. Den Dokter Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol" an erzielt eis vun sengen humanitäre Missioun an wéi en dat erlieft huet.