Sot emol
Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch
Mat hire Geschichte fir Kanner ass d'Anja Di Bartolomeo nawell reegelméisseg an de Kanneremissioune vum radio 100,7 ze héieren. Schreiwen ass deemno e Beräich, deen eng grouss Plaz an hirem Liewen anhëlt, an dobäi, besonnesch an der leschter Zäit, e Schreiwen, dat méi e jonke Public cibléiert, wéi hire leschte Roman "Koma 21".
D'Anja Di Bartolomeo ass e ganz engagéierte Mënsch mat enger staarker Attache zu Gerechtegkeet a Solidaritéit. Et si besonnesch Gesondheetstheemen, déi si intresséieren: d'Santé mentale oder och rar Krankheeten. Dofir ass si och net vun ongeféier an der ALAN, der Associatioun vun de rare Krankheeten, engagéiert.
D'Anja Di Bartolomeo ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an Dir gitt gewuer, wien de Mënsch ass, deen hanner der Schrëftstellerin an engagéierter Fra stécht.